Kierch Groussbus

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Kierch vu Groussbus
Kierch vu Groussbus (2013)
Kierch vu Groussbus (2013)
Uertschaft / Plaz Groussbus
Par Atertdall Sainte-Claire
Dekanat Zentrum
Baujoer 1719
Koordinaten 49° 49’ 35’’ N
05° 57’ 65.9’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch vu Groussbus ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Atertdall Sainte-Claire, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Groussbus gehéiert.

D'Kierch ass den hellege Péitrus a Paulus geweit, déi den 29. Juni gefeiert ginn.

Iwwer der Entréesdier steet d'Figur vun der Niewepatréinesch, der helleger Barbara.

D'Kierch steet op der Kräizung vun der N12 (Arelerstrooss) mat dem CR306 (Mierscherstrooss).

Zu der fréierer Par Groussbus huet ausser der Parkierch vu Groussbus och nach d'Kierch vun Dellen gehéiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1712 huet e Blëtz an de Kierchtuerm ageschloen wourop déi ganz Kierch mam Paschtoueschhaus a mat den Archiven ofgebrannt ass.[1] Déi nei (haiteg) Kierch gouf 1719 fäerdeg, déi Joreszuel steet och op der Fassad vum Kierchtuerm iwwer dem Agank. 1849 gouf de Kierchtuerm nees duerch e Blëtz getraff an zerstéiert. 1850 ass den Tuerm 6 m méi héich nees opgebaut ginn.

1858 huet e Moler mam Numm Kaiser, vu Stans an der Schwäiz, d'Uelegbild mat der Operstéiung vu Christus op der Réckwand vum Chouer gemoolt.

Déi éischt Uergel gouf 1868 vum Uergelbauer Franz Schorn vu Köln agebaut. D'Gehais vun der Uergel stoung virdrun an der Kierch zu Housen. 1960 gouf en neit Instrument ënnert der Leedung vum Nic. Loewen an der Lëntgener Uergelfabréck gebaut.

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

Am Kierchtuerm hänken 3 Klacke vun 1850. Se weie 500 kg, 450 kg an 300 kg. 2 vun hinne sinn de Kierchepatréiner, dem Hellege Péitrus a Paulus an den Hellege Maria a Barabara geweit. Déi 3. ass dem Hellegen Donatus dédiéiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Groussbus – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Grosbous, Histoire et patrimoine