Diskussioun:Ettelbréck

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wat huet 3086 respektiv 1518 ha, d'ganz Gemeng oder just d'Stad Ettelbréck? An der Tabell, op d'mannst esou wéi ech se verstanen hunn, sollt d'Fläch vun der Gemeng stoen. --Otets 6 July 2005 14:11 (UTC)

Ma dann ass dat hei eng gutt Geleegenheet, fir ze mierken, datt et am Artikel ("Ettelbréck ass eng vun den 118 lëtzebuergesche Gemengen an eng vun den 12 lëtzebuergesche Stied." zimmlech zweedäiteg ass. Mer kommen net derlaanscht, fir d'Gemengen an d'Uertschaften vuneneenzehuelen. Et kann een dat am beschte mierken, wann et ëm "Kuckeswäertes" geet. Op déi Manéier,wéi mer et elo maachen, hunn kleng Dierfer eng eege Säit, a méi grouss Stied deelen sech en Artikel esou laang, bis datt d'Duerf en eegenen Artikel kritt mengt de --Cornischong 6 July 2005 14:36 (UTC)

Esch-Sauer, hunn ech lo grad gesinn, stoung eigentlech just als Duerf am Artikel. Dat ass nach Beispill. --Cornischong 6 Juli 2005 14:56 (UTC)

Ech hunn dat esou verstane gehat, datt den Artikel selwer (ausser dem Punkt "Uertschaften an der Gemeng") iwwert d'Uertschaft ass an d'Tabell iwwert d'Gemeng. Wa mer dat nämlech net esou maachen, dann hu mer op ee Coup 118 Artikelnimm ze änneren (z.B. "Ettelbréck" -> "Ettelbréck (Gemeng)") an 118 nei Homonymiessäiten opzesetzen. Déi zweet Variant ass natierlech déi logeschst, mee awer déi mat der meeschter Oarbecht a vläicht och déi sënnloost, well wat soll ee grouss an en Artikel iwwert eng Gemeng schreiwen, wat net just e copy/paste vun den eenzelnen Uertschaftsartikelen ass. D'Fro ass also: Variant 1 oder Variant 2? --Otets 6 Juli 2005 15:34 (UTC)

Datt den Artikel iwwer d'Uertschaft an d'Tabell iwwer d'Gemeng wier ass net méiglech, well: An den Artikele steet "xy ass eng vun den 118 Gemengen ..." Also geet et ëm d'Gemeng. (Dat ass kloer wéi Bullettszopp.) An der Tabell steet bei Ettelbréck "Gemeng Ettelbréck". Datt Ettelbréck an der Gemeng Ettelbréck läit verschléit engem net grad d'Sprooch. An datt d'Tabellen sollen iwwer d'Gemeng goen ass net méiglech well d'Uertschaften (Heischtergronn z.B.) hunn och eng Tabell. 't ass net sou ganz einfach. --Cornischong 6 July 2005 15:56 (UTC)

Du hues dech elo grad géint d'Variant 1 ausgeschwat. Heescht, datt s de fir d'Variant 2 bass? --Otets 6 July 2005 16:03 (UTC)

Ech sinn der Meenung: Mer kënnen déi Zwitter-Artikelen net esou stoe loossen well se total zweedeiteg sinn. Mer kommen net gutt derlaanscht fir eegen Artikelen fir déi 118 (mee ech liesen datt d'Fusiounsgesetzer duerch d'Chamber wieren) Gemengen ze maachen, an niewelaanscht no an no (!!!) fir d'Uertschaften. Dat ass iwwregens net fir d'éischt wou ech dat zielen. Kréien ech elo gesot: "Wann s du dat gären häss, da maach et"? Mee wat denken déi Aner dozou; ech wëll net obedéngt geriedert ginn. Ech wëll och net eng Revolutioun hei organiséieren; wa mer iwwer d'Këscht (oder Tabell) kloer schreiwen, datt dat wat do dra steet sech kloer op d'Gemeng bezitt an an den Artikel "xy ass eng vun den 118 ... an eng Uertschaft mam selwechte Numm", dann ass eis schonns gehollef!!! --Cornischong 6 July 2005 16:25 (UTC)

Vu datt s de Angscht virum eegene Courage hues (wee mellt sech scho fräiwëlleg fir geriedert ze ginn :)) ass et schwéier ze verstoen, wat s de dann elo genee do proposéiert hues. Kanns du vläicht een Artikel no denge Virstellungen ëmbauen an esou, fir datt mer en connaissance de cause weiderdiskutéiere kënnen? --Otets 6 Juli 2005 17:16 (UTC)

Ech hunn net Angscht virum eegene Courage, mee ech mierken datt ech engem, deen "Ech hunn dat esou verstane gehat, datt den Artikel selwer (ausser dem Punkt "Uertschaften an der Gemeng") iwwert d'Uertschaft ass an d'Tabell iwwert d'Gemeng." et net weider erkläre kann. Dat war déi zweete Kéier an déi leschten, wou ech dat Thema uschneiden. Anscheinend gëtt jo jiddfereen domat eens. An: Mer sinn aleng op dëser Säit op iwwer 619 Wierder, dat sinn der méi wéi déi vun den Neien Artikelen vun de leschten dräi (oder véier) Deeg. --Cornischong 6 Juli 2005 17:56 (UTC)

Félicitatioune fir dem Johnny Chicago seng Iddi de Gemeng/Uertschaft-Problem ze léisen. Dat schéngt mer effektiv déi bis ewell beschte salomonesch Léisung ze sinn. Just eng Fro: solle mer an d'Tabell d'Awunner and d'Fläch vun der Gemeng oder vun der Uertschaft androen, oder kënne mer do och alles verduebelen? --Otets 8 Juli 2005 10:23 (UTC)

Merci fir däi Kommentar. E Virschlag fir d'Tabell. Bei de Gemengen kënnt e jo d'Tabell opsplecken : Ettelbreck (Gemeng) blo wéi se elo ass, an dann drënner Ettelbreck (Uertschaft) an enger anerer Faarf (z.B. giel) Wir et méiglech dats du esou eng Tabell kéins machen. Du bas jo Spezialist an Tabellen An d'Gemengen kèint een dann lues a lues änneren, dee Moment wou een eppes an enger Gemeng bäischreiwt. Johnny Chicago 8 Juli 2005 10:40 (UTC)

Ech kucken emol den Owend, wat ech do ka maachen. Ech denken drun, fir just déi zwee Felder Awunner a Fläch mat enger anerer Foarw (blo/giel) bäizesetzen, well déi aner Felder si jo fir Gemeng an Uertschaft d'selwecht. --Otets 8 Juli 2005 10:46 (UTC)

Giel, merci. --Cornischong 8 Juli 2005 11:34 (UTC)

Ech hu gesinn datt déi héichts Plaz geläscht gouf. Wou ass se dann. ??? 81.244.42.216 11:20, 3 November 2006 (UTC)

Ech hunn déi Côte vun der Generalstaabskaart vum Kadaster vu 2002. An ech hu keng méi héich an an der Uertschaft Ettelbréck fonnt. Et wier jo flott wann ee méi genee Donneeën huet wann en se da géif dra setzen. 81.244.42.216 13:51, 3 November 2006 (UTC)

Bem Robby séi Läschen vun der héichster Plaz war vläicht nët sou falsch. Am Wëllerbësch ass zwar déi héichsten déi een op der Kart fënnt (waat jo allgemeng eng gutt Basis ass) et gëtt awer méi eng héich an zwar tëschent dem Kräizwee an der Useldengerfréin. Déi ass op de neie Karten nët méi sou agezeechent (firwaat ??), an déi ass bei 386 m. Puscas 14:32, 3 November 2006 (UTC)

De Luxalbum seet Ettelbréck läit tëschent 382 an 192 sou dass ech unhuelen dass de Puscas nët sou onrecht huet. Ech froen dann elo mol een deen et genee wees Les Meloures 14:48, 3 November 2006 (UTC)
Ech hun elo op der Gemeng gefrot. (am Service technique den Här Guy Backendorf). Déi héichste Plaz ass déi vum Puscas op der Kadastersektioun C vun Ettelbréck. (gudd datt et och nach méi aal Kaarte gëtt.) Les Meloures 15:04, 3 November 2006 (UTC)

De Claude Mohnen hält sech hei drun wéi de Geck un de Bengel mat senger Nuebelshow. Kënnt der deen emol op sengem Handy uruffen a him soen, datt en eis op de Sak geet. D'Handysnummer ass 621 155 112. --Cornischong 12:16, 15 November 2007 (UTC)