Antoine Lefort (Diplomat)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Dilpomat Antoine Lefort. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Antoine Lefort.
Antoine Lefort
Gebuer 13. Mee 1879
Dikrech
Gestuerwen 19. Mäerz 1928
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun RWTH Aachen
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Ingenieur
Partei Rietspartei
Famill
Papp Émile Lefort

Den Antoine "Tony" Charles Lefort, gebuer den 13. Mee 1879 zu Dikrech[1] a gestuerwen[2] den 19. Mäerz 1928 an der Stad Lëtzebuerg[3], war e lëtzebuergesche Politiker, Ingenieur an Diplomat.

Den Antoine Lefort hat en Ingenieursstudium op der Technescher Héichschoul vun Oochen gemaach, an huet 1902 bei der Eisebunnsgesellschaft Prince-Henri ugefaange mat schaffen, wou hie spéider Sous-Direkter gouf.

De Lefort war als Member vun der Rietspartei an d'Chamber gewielt ginn a war vum 24. Februar 1916 bis den 28. September 1918 Minister vun den ëffentlechen Aarbechten.

Den 28. September 1918 gouf hie Member vum Staatsrot a Premier comissaire pour les affaires du chemin de fer. Hien ass bis zu sengem Doud Member vum Staatsrot bliwwen[4].

Gläichzäiteg war hie bis 1919 als Diplomat Chargé d'affaires an der Schwäiz. 1920 gouf hie Chargé d'affaires an Holland.

Vun 1918 bis 1919 war hien och an der Commission d'orientation.

Säi Jong Emile war Resistenzler am Zweete Weltkrich[5].

Säi Papp Emile war de Jurist a Member vum Staatsrot.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Den Antoine Charles Lefort op www.deltgen.com
  2. Luxemburger Illustrierte: N° 6 vum 26. Mäerz 1928, S. 66 BNL
  3. 3,0 3,1 3,2 3,3 3,4 Doudesannonce vum Tony Lefort am Luxemburger Wort vum 20. Mäerz 1928
  4. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  5. Biographie vum Resistenzler Emile Lefort op www.persee.fr
  6. Mémorial A N° 8 vun 1920 mat der Lëscht vun de Leit déi 1920 am 'Ordre de la couronne de chêne' ausgezeechent goufen
Virdrun Ministeren zu Lëtzebuerg Duerno
Guillaume Soisson Minister fir ëffentlech Aarbechten
1916 - 1918
Auguste Liesch