Nik Welter

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Nicolas Welter)
Nik Welter
Gebuertsnumm Nicolas Welter
Gebuer 2. Januar 1871
Miersch
Gestuerwen 13. Juli 1951
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Politiker, Schrëftsteller, Literaturhistoriker, Literaturkritiker
Partei Onofhängeg
Den Nik Welter, portraitéiert vum Jean Schaack. Bild am Stater Kolléisch.

Den Nik Welter, gebuer als Nikolaus Welter[1] den 2. Januar 1871 zu Miersch, a gestuerwen den 13. Juli 1951 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Auteur, Wëssenschaftler (Sprooch a Literatur), Germanist, Romanist a Staatsmann.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Nikolaus Welter (Zeechnung vum Pierre Blanc an der Zäitschrëft Floréal - 1908)
Nicolas-Welter-Monument zu Miersch (Skulptur vun der Sonia Welter)

Dem Nik Welter seng Eltere waren d'Anna Neuberg, eng Duechter vum Schmadd Neuberg, an de Bréifdréier Theodor Welter.

Den Nik Welter huet zu Léiwen, Paräis, Bonn a Berlin studéiert a war duerno Professer am Dikrecher (1897-1906) an duerno am Stater Kolléisch (1906-1918). Tëscht 1918 an 1921 war hien Unterrechtsminister an der Regierung Reuter. Hien huet keng Parteipolitik bedriwwen.

Den Nik Welter huet haaptsächlech Theaterstécker a Gedichter geschriwwen. Säi Wierk Griselinde (1901) huet de lëtzebuergesche Komponist Alfred Kowalsky inspiréiert, eng Oper mat dem selwechten Titel ze schreiwen. Aner bekannt Stécker sinn Die Söhne des Öslings, Goethes Husar, Der Abtrünnige, Professor Forster a Lene Frank.

Den Nik Welter huet sech fréi mam Félibrige, der Provenzalescher Dichterbeweegung beschäftegt a stoung am Kontakt mat de Membere vum Felibertum félibrige an der Provence: dem Frédéric Mistral, dem Joseph Roumanille an dem Théodore Aubanel. Hie war méi wéi eng Kéier zu Maillane, am Departement Bouches-du-Rhône beim Mistral perséinlech an ass an de Krees vum Féliber opgeholl ginn. Sou huet hien och däitsch Romaniste wéi den Eduard Koschwitz an den August Bertuch kennegeléiert. Hien an déi zwéin Däitsch Romaniste waren déi Leit, déi dofir gesuergt hunn, datt de Frédéric Mistral 1904 den Nobelpräis fir Literatur krut.

Den Nik Welter huet seng Reesen an d'Provence an an Tunesien am Buch Hohe Sonnentage veréiwegt. A sengem Buch Im Werden und Wachsen, schreift hie vu senger Kannerzäit zu Miersch. Hie war den Auteur vum éischte Lëtzebuerger Schoulbuch, Das Luxemburgische und sein Schrifttum.

Den Nik Welter ass zu Lëtzebuerg um Nikloskierfecht begruewen.

Fir un hien z'erënneren, goufen eng Partie Stroossen zu Lëtzebuerg no him genannt (rue Nicolas Welter): an der Stad, zu Miersch an zu Sandweiler.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Als Schrëftsteller[änneren | Quelltext änneren]

Autobiographesches
  • Im Dienste. Erinnerungen aus verworrener Zeit (1925)
  • Im Werden und Wachsen: aus dem Leben eines armen Dorfjungen (1926)
  • Freundschaft und Geleit. Erinnerungen (1936)
Lyrik
  • Frühlichter. Gedichte (1903)
  • Aus alten Tagen. Balladen und Romanzen aus Luxemburgs Sage und Geschichte (1900)
  • In Staub und Gluten. Neue Gedichte (1909)
  • Hochofen. Ein Büchlein Psalmen (1913)
  • Über den Kämpfen. Zeitgedichte eines Neutralen (1915)
  • Mariensommer. Ein Büchlein Lieder (ca. 1929-30)
Sachbicher
  • Die Dichter der luxemburgischen Mundart. Literarische Unterhaltungen (1906)
  • Hohe Sonnentage. Ein Ferienbuch aus der Provence und Tunesien (1912)
  • Frederi Mistral. Der Dichter der Provence (1899)
  • Theodor Aubanel. Ein provenzalischer Sänger der Schönheit (1902)
  • Das Luxemburgische und sein Schrifttum (1914)
  • Mundartliche und hochdeutsche Dichtung in Luxemburg. Ein Beitrag zur Geistes- und Kulturgeschichte des Großherzogtums (1929)
Theater
  • Siegfried und Melusina. Dramatisierte Volkssagein drei Abtheilungen (1900)
  • Die Söhne des Öslings. Ein Bauerndrama aus der Zeit der französischen Revolution in fünf Aufzügen (1904)
  • Der Abtrünnige. Eine Komödie der Treue (1905)
  • Prof. Forster. Ein Trauerspiel in fünf Aufzügen (1908)
  • Lene Frank. Ein Lehrerinnendrama in 4 Aufzügen (1906)
  • Mansfeld. Ein Schicksalsspiel in vier Akten (1912)
  • Dantes Kaiser. Geschichtliches Charakterspiel in fünf Aufzügen (1922)
  • Griselinde. Oper in drei Aufzügen und vier Bildern (1918; Musek vum Alfred Kowalsky)
  • Grossmama. Die Tragödie einer Seele in einem Aufzuge (1931)
  • Die Braut. Ein geschichtliches Spiel in drei Aufzügen (1931)
  • Goethes Husar. Aus seinem Leben. Dichtung und Wahrheit in drei Aufzügen (1932)
Werkausgabe
  • Gesammelte Werke (1924/25; Fënnef Bänn)
Prosa
  • Franz Bergg (1866–1913). Ein Proletarierleben (1913)

Als Editeur[änneren | Quelltext änneren]

  • Michel Rodange: Dem Grow Sigfrid seng Goldkuommer. Komëdesteck a fünf Acten (1929)

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nik Welter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Nikolaus Welter - Kurzbiographie op nik-welter.lu, gekuckt den 19. November 2018
  2. Ordre de la Couronne de chêne Auszeechnungen 1951 Memorial A N° 13 vun 1951 Gearchiveerd op 2016-03-03. Gekuckt de(n) 2013-01-04.