Orthographie Welter-Engelmann

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Welter-Engelmann-Schreifweis ass eng vun de ville Schreifweisen, déi d'Liicht vun der Lëtzebuerger Welt gesinn hunn.

Si ass genannt nom Nik Welter an dem René Engelmann, déi se 1910 zesummen entwéckelt hunn. Bekannt gouf si, well si am Nikolaus Welter sengem Buch Das Luxemburgische und sein Schrifttum verbreet gouf, dat bis an d'1950er Joren als Schoulbuch an de Primaireschoule gebraucht gouf. Se ass awer ni als "offiziell" erkläert ginn. Nom Krich gouf se vun der OLO ofgeléist, déi kee Succès hat, an duerno vun där vum Robert Bruch.

Schreifweis[änneren | Quelltext änneren]

Si ass charakteriséiert duerch eng Rëtsch diakritesch Zeechen, wéi den Accent circonflexe (Lîcht - Liicht; mâchen - maachen) an den Apostroph (Ko' - Kou; , me' - méi).

Vokaler an Duebeltéin[änneren | Quelltext änneren]

Well et méi einfach ass, gëtt et zwou Zorte vu Vokaler, déi laang an déi kuerz, an eng eenzeg Zort Duebeltéin.

  • De laange Vokal gëtt einfach sou geschriwwen: eng Kaz, den Emer, falen.
  • De kuerze Vokal gëtt bezeechent, andeems de Konsonant, deen hannendru kënnt, verduebelt gëtt. Am Fall vun zz steet tz, an amplaz vum kk steet ck: lecken, zidderen, en Teller Zopp.
  • Bei Pronomen an Hëllefsverbe mat enger Silb steet no engem kuerze Vokal en einfache Konsonant: en, et, hat, him, um, am, an, op, mat.
  • Virun de Konsonanteverbindungen ng, ch, sch, ld, st, sp asw. kritt de Vokal, wann e laang ausgeschwat gëtt, en Hittchen: eng Zâng, mâchen, den Dûscht; de kuerzen net: de Fanger, de Mond.
  • Den a, e, u an den i, déi virun engem oder méi Konsonante stinn, gi souwisou laang ausgeschwat, kréien also keen Hittchen: e Birg, e Perd, en Arm, Letzeburg.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Welter, Nikolaus, 1914. Das Luxemburgische und sein Schrifttum. 139 S. G. Soupert, Luxemburg. [13 weider Oploe bis 1949]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]