Frédéric Mistral

Vu Wikipedia
Frédéric Mistral
Gebuertsnumm Joseph Étienne Frédéric Mistral
Pseudonym Mèste Franc, Gui de Mount-Pavoun, Cousinié Macàri, Michèu Gai, Lou Cascarelet, Grand la Borgno, Boufarèu, Lou Felibre de Bello Visto, Un Maianen, Lou Felibre dóu Mas, Ambròsi, Antoine Chansroux, Lou Canounge de N-D. de Casten, Lou Felibre de Bèuvezet, Lou Felibre Calu, Jan Chaplo Verne, Un Jouine Felibre, Lou Medecin di Torro, Tounin Clapo, Lou Tout-Obro
Gebuer 8. September 1830
Maillane
Gestuerwen 25. Mäerz 1914
Maillane
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Schrëftsteller, Dichter, Lexikograph
Member vun Félibrige, Société littéraire et scientifique de Castres
Famill
Bestuet mat Marie Mistral

De Joseph Étienne Frédéric Mistral (Frederi Mistral oder Mistrau op Okzitanesch), gebuer den 8. September 1830 zu Maillane (Departement Bouches-du-Rhône), an och do de 25. Mäerz 1914 gestuerwen, war e franséische Schrëftsteller a Lexikograph vum Okzitaneschen (langue d'oc), Auteur vum Dictionnaire Lou Tresor dóu Felibrige.

Hie war 1854 Grënnungsmember vun der Associatioun Félibrige, déi sech fir d'Okzitanesch Sprooch agesat huet, Member vun der Académie de Marseille, Maîtres ès-Jeux vun der Académie des Jeux floraux vun Toulouse.

Säi wichtegst literarescht Wierk ass Mirèio (Mireille), dat 1859 erauskoum. Et ass e lyrescht Wierk a Versen, an zwielef Gesäng, op Okzitanesch, dat déi tragesch Libesgeschicht vum Vincent an der Mireille erzielt, déi aus sozial ënnerschiddleche Milieue kommen. 1904 gouf hien dofir mam Nobelpräis fir Literatur ausgezeechent.

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Frédéric Mistral, Mémoires et Récits, Julliard. op Gallica
  • Firmin Boissin, Frédéric Mistral et les Félibres, 1879, E-J Savigné imprimeur-éditeur, Vienne, Lire online
  • Les écrivains célèbres, Tome III, le XIXe siècle et le XXe siècles, Éditions d'art Lucien Mazenod.
  • Mauron, Claude, 1993, Frédéric Mistral, Paris, Seuil.
  • Fabre, Pierre, 2002, Mistral en Héritage, Marseille, Autres Temps.
  • Charles Maurras, La Sagesse de Mistral, 1926, les Éditions du Cadran.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Frédéric Mistral – Biller, Videoen oder Audiodateien