Op den Inhalt sprangen

Alphonse Neyens

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Alphonse Neyens
Gebuer 7. Januar 1886
Konsdref
Gestuerwen 3. September 1971
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei Rietspartei

Den Alphonse Neyens, gebuer de 7. Januar 1886 zu Konsdref.[1], a gestuerwen den 3. September 1971 um Lampertsbierg[2], war e lëtzebuergeschen Affekot a Politiker.

Den Alphonse Neyens deen um Barreau zu Lëtzebuerg Affekot war, hat sech fréi dem Katholischer Volksverein deen 1903 gegrënnt gouf, ugeschloss. Do gouf hien als brillante Riedner bei de Konferenze vun deem Veräi bekannt.

No enger kuerzer Zäit als Deputéierten, vun 1914 bis 1915, koum hien 1918 an d'Regierung Reuter als Directeur général des Finances. Hie blouf op där Plaz bis de Mäerz 1925.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Spedener, G., 1937. Die im Luxemburger Lande lebten und webten: biographische Notizen. P. Faber, Grevenmacher, S. 67.
  2. 2,0 2,1 Doudesannonce vum Alphonse Neyens am Luxemburger Wort vum 4. September 1971