Marcel Feller

Vu Wikipedia
Marcel Feller
Gebuer 3. September 1890
Ëlwen
Gestuerwen 6. Februar 1975
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Eisebunner

De Marcel Feller, gebuer den 3. September 1890 zu Ëlwen a gestuerwen de 6. Februar 1975 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Eisebunner a Politiker.[1]

Am Oktober 1934 gouf hien an de Gemengerot zu Péiteng gewielt an huet säi Mandat als Gemengeconseiller bis zur däitscher Besatzung 1940 behalen.

Wéi de Pierre Krier am November 1937 Minister ginn ass, gouf hien an der Chamber vum Marcel Feller ersat.[2] De Marcel Feller huet säi Mandat bis 1945 behalen.

Nodeem hie beschëllegt gi war mam Okkupant kollaboréiert ze hunn huet d'Direktioun vun der Sozialistescher Partei him gerode seng Mandater néierzeleeën. Am Joer 1946 huet d'Enquêtëkommissioun aus dem Ministère vun der Epuratioun hie vun all Verdacht wäissgewäsch an huet keng Sanktioune géint hie geholl.[1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Alex Bodry, Ben Fayot: 120 Jor Sozialistesch Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber. Dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des Députés. Éditions La Mémoire Socialiste, 2016, S.81.
  2. Lokalneuigkeiten am Escher Tageblatt vum 6. November 1937 op eluxemburgensia.lu