Lily Becker

Vu Wikipedia
Lily Becker
Gebuer 1898
Gestuerwen 1981
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Gewerkschaftler
Famill
Bestuet mat Pierre Krier

D'Lily Becker-Krier, gebuer 1898 a gestuerwen 1981, war eng lëtzebuergesch Gewerkschaftlerin a Fraerechtlerin.

Mat 21 Joer gouf si 1919 Member vun der sozialistescher Partei an huet an där Zäit probéiert, e “Verband der weiblichen Angestellten und Arbeiterinnen” op d'Been ze setzen.[1]

1920 gouf si Hëllefssekretärin beim Sekretariat vun der Gewerkschaftskommissioun. Si huet an der Wochenzeitung Der Proletarier un der Rubrik “Kritik der Zeit” matgeschafft, wou se virun allem sozial Problemer a Fraenthemen ugeschwat huet. 1924 gouf si Sekretärin vun der nei geschaafter Aarbechterkummer (bis 1937), a si war 1927 Matgrënnerin vum Foyer de la Femme, vun deem se Vizepresidentin gouf.[1]

Nom däitschen Iwwerfall op Lëtzebuerg 1940 ass si mat hirem Mann, dem Minister Pierre Krier, op London, resp. an d'USA an den Exil gaangen. Vun 1945 bis 1950 blouf d'Lily Becker am Féierungskader vun der Sozialistescher Partei, huet sech an der Europa-Beweegung engagéiert an Artikele fir d'Gewerkschaftspress geschriwwen.[1]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Renée Wagener, “…wie eine frühreife Frucht”. Zur Geschichte des Frauenwahlrechts in Luxemburg, Luxembourg 1994, S. 84-85.
  • Ben Fayot, Lily Krier-Becker (1898-1981), in Tageblatt vom 5. November 1981 Nr 252, S. 8.
  • Goffinet, Viviane: “Die Arbeiterinnen sollen heraustreten aus dem Schatten ihrer Maschinen [...]”: Frauen und Gewerkschaften zwischen 1900 und 1938, in “Wenn nun wir Frauen auch das Wort ergreifen …”, S. 239-254.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 "Lily Becker-Krier" op fraendag.lu, gekuckt 2013-06-17.