Luxemburger Berg- und Metallindustriearbeiter-Verband

Vu Wikipedia
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Den 10. Kongress vum Verband, 24. Februar 1935, an der Maison du Peuple zu Esch.

De Luxemburger Berg- und Metallindustriearbeiter-Verband (LBMIAV oder BMIAV ofgekierzt, kuerz de Verband genannt), war eng lëtzebuergesch Gewerkschaft.

En ass den 29. Februar 1920 aus dem Zesummeschloss vum Luxemburger Metallarbeiter-Verband an dem Berg- und Hüttenarbeiter-Verband entstanen. Dreiwend Kraaft hanner där Fusioun war de Pierre Krier.

Am Zweete Weltkrich, ënner der däitscher Besatzung, goufen d'Gewerkschaften, an deemno och de Verband, verbueden an opgeléist.

Gläich no der Liberatioun, den 20 Oktober 1944, gouf mam Letzeburger Arbechterverband (LAV) eng Nofollger-Organisatioun gegrënnt. Aus dem LAV sollt den 1. Januar 1979 den OGB-L ervirgoen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Romain Steil: "Der Luxemburger Metallarbeiter-Verband (1916-1920)", S.141-183; Marc Lentz: "Die freien Gewerkschaften auf dem Weg zur Sozialpartnerschaft", S.185-262, in: 75 Joër fräi Gewerkschaften. Contributions à l'histoire du mouvement syndical luxembourgeois. Beiträge zur Geschichte der luxemburgischen Gewerkschaftsbeweegung. Esch-sur-Alzette, 1992.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]