Vergewaltegung

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Eng Statu, déi d'Vergewaltegung vun der Lucretia duerstellt

Eng Vergewaltegung oder e Viol ass e sexuellen Akt mat enger Persoun, déi domat net averstanen ass an déi mat Gewalt oder Dreeungen dozou gezwonge ginn ass. A ville Jurisdiktioune fält d'Vergewaltegung ënner d'sexuell Aggressioun, déi och Akter abegräift, an där et net zum Sex komm ass. Souwuel Frae wéi Männer, mee och Kanner kënnen Affer vun enger Vergewaltegung ginn.

Et ass laang ugeholl ginn, eng Vergewaltegung géif duerch dem Täter seng hemmungslos sexuell Loscht verursaacht ginn. Haut gëtt se awer als pathologesch Manéier verstanenen, seng Muecht iwwer d'Affer ze behaapten.[1]

Evolutioun vun der gesellschaftlecher Astellung géigeniwwer der Vergewaltegung[änneren | Quelltext änneren]

Den englesche Begrëff fir d'Vergewaltegung, "rape" kënnt vum laténgesche "raptus" oder "rapere" an huet bis an 12. Joerhonnert e gewalttätegen Déifstall bezeechent, ouni sexuell Konnotatioun.[2] An England am 15. Joerhonnert huet de Papp oder de Mann vun enger vergewaltegter Fra eng Plainte viru Geriicht konnte maachen well d'Vergewaltegung der legaler Definitioun no den Déifstall vun der Dugend vun der Fra war, sief et d'Jongfralechkeet vun der Duechter oder d'Éier vun der bestueter Fra.[2]

An Amerika zur Zäit vun der Sklaverei war d'Vergewaltegung nëmmen e Verbriechen géint eng keusch, wäiss Fra, besonnesch duerch e schwaarze Mann. Sklavinne hunn hirem Meeschter kee sexuellen Akt dierfe refuséieren, genee wéi bestuede Fraen sech hire Männer net hu konnte verweigeren. A Geriichtsprozesser ass driwwer debattéiert ginn, ob eng Prostituéiert konnt vergewaltegt ginn. Wann eng Fra virdrun engem sexuellen Akt zougestëmmt hat, ass d'ëffentlech Meenung dacks dovun ausgaangen, si hätt hiert Averständnes och fir all déi Kéieren duerno ginn. Esou ass eng Plainte viru Geriicht wéinst Vergewaltegung bal onméiglech ginn, ausser wann d'Affer eng wäiss, weiblech Jongfra aus der Mëttelklass war, déi net mat dem Vergewalteger bestuet war.[2]

A bestëmmte Länner gëllt all sexuelle Akt mat enger mannerjäreger Persoun als Vergewaltegung.[1]

Commons: Vergewaltegung – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Definitioun op britannica.com (gekuckt den 1. September 2017)
  2. 2,0 2,1 2,2 The Guardian: Rape: a burning injustice vum Julie Bindel (13. August 2013)