Hummer (Handwierksgeschier)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
En Hummer

En Hummer ass e Schlaginstrument, bei deem nom Hiewelgesetz d'Intensitéit vum Schlag duerch eng Verlängerung vum Hiewelaarm verstäerkt gëtt.

En Hummer besteet aus engem Kapp an engem Still. De Kapp vum Hummer kann, jee no Gebrauch, e Gewiicht tëscht e puer Gramm bis enger ettleche Kilogramm hunn. De Still ass mat engem Käil an engem Lach, dat am Hummerkapp ass, festgemaach.

En Hummer ka fir verschidde Saache gebraucht ginn, wouvun déi gängegst sinn:

  • fir eppes futtizeschloen,
  • fir eppes an eppes anescht eran ze schloen (en Nol an eng Mauer zum Beispill) oder
  • fir eppes ze formen (Metaller z. B.).

Jee nodeem ass d'Gréisst an d'Form vum Hummer ugepasst.

Symbolik[änneren | Quelltext änneren]

Den Hummer am Fändel vun der Sowjetunioun

Den Hummer ass en Deel vum Symbol vun de Biergaarbechter an doriwwer eraus fir de Biergbau, oder d'Aarbecht am Allgemengen.

Am Fändel vun der fréierer Sowjetunioun ass den Hummer, nieft der Séchel, déi fir en Akerbau steet, d'Symbol fir d'Industrie. E war och am Fändel vun der fréierer DDR (mat engem Zierkel) a fënnt sech, zesumme mat der Séchel, haut nach am Logo vu verschiddene kommunistesche Parteien, dorënner der lëtzebuergescher.

Riedewendungen[änneren | Quelltext änneren]

  • Eng mam Hummer hunn / De Mann mam Hummer (grouss Middegkeet oder Niddergeschloenheet)
  • Ënner den Hummer kommen (versteet ginn)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Karl Pichol, Handhammer, Maschinenhammer, Hammerwerk (1993)
  • Gerold Würtemberger, Fachkunde für Metallberufe, Verlag Europa-Lehrmittel (1979), ISBN 3-8085-1012-9
  • Hermann Hundeshagen: Der Schmied am Amboß. Verlag Th. Schäfer, ISBN 978-3-87870-581-9

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hammers – Biller, Videoen oder Audiodateien