Op den Inhalt sprangen

Cause célèbre

Vu Wikipedia

Ënner dem Begrëff Cause célèbre versteet ee gewéinlech en Tëschefall oder en Zoustand, deen eng gesellschaftlech Kontrovers ausléist (ob mat oder ouni Intentioun vun deenen direkt Betraffenen), an der Ëffentlechkeet an an de Medien diskutéiert gëtt an heiansdo mat engem Geriichtsprozess verbonnen ass (dohier hir ursprénglech Bedeitung).

D'Affär Dreyfus oder d'Affär Bommeleeër si Beispiller fir Causes célèbres. An den USA war d'Lynche vum Jessy Washington eng Cause célèbre an der Anti-Lynch-Campagne vun der NAACP.