Wikipedia:Vandalismus

Vu Wikipedia

Ëmmer nees kënnt et vir, datt Benotzer Artikele bewosst zerstéieren. Dofir gëtt et vill Ursaachen. All Wikipedianer kann dobäi hëllefen, Vandalismus ze verhënneren an ze läschen. Dës Säit erkläert Iech wéi dat geet.

Wat ass Vandalismus?[Quelltext änneren]

Besonnesch an der Mëttesstonn ginn d'Wikipedianer zesummen op Vandalejuegd.

Vandalismus ass geziilt Zerstéierung vun Artikelen. Dorënner fält:

  • de kompletten Inhalt vun engem Artikel läschen (Beispill)
  • eenzel Abschnitter ouni Begrënnung aus engem Artikel läschen (Beispill)
  • komplette Kabes an en Artikel schreiwen („Ficken Ficken Ficken“, „Du bass blöd“ asw., Beispill)
  • express falsch Informatiounen uginn (Beispill)

Vu Vandalismus strikt ze ënnerscheede sinn – a wgl. am Interessi vum Fridden och ni als solleche bezeechnen – Ännerunge mat guddem Wëllen, mee wou eppes schif gaangen ass, well de Benotzer nach nei ass, an him d'Erfarung op der Wikipedia feelt. Och gutt gemengte Bäiträg vu Benotzer, déi net verstanen hunn, datt Wikipedia eng Enzyklopedie ass, si kee Vandalismus. (Beispill) Dofir ass et net vu Muttwëll, sech unzekucken, wat de Benotzer soss nach op der Wikipedia gemaach huet, a sou mierkt ee séier op et e Vandal ass oder net. Richteg Vandale fale souwisou séier op, am anere Fall geet et duer, de Benotzer frëndlech drop hinzeweise, wat e falsch gemaach huet, an him Bescheed seet, wéi een et besser ka maachen.

Sougenannten Edit-Wars wéinst sachlechen Differenze sinn och kee Vandalismus.

Wat maache, wann e Vandal amgaangen ass ?[Quelltext änneren]

Dir hutt e Vandal entdeckt: keng Panik.

  • Maacht seng Ännerunge réckgängeg. Wéi dat geet, gëtt op Hëllef:Zrécksetzen erkläert. Passt dobäi op, och aner Ännerungen ze préifen, a setzt den Artikel op déi lescht gutt Versioun zréck. Fir d'gutt Stëmmung an der Wikipedia, benotzt wgl. keng Beleidegungen an haalt Iech un d'Wikiquette.
  • Iwwerpréift d'Bäiträg vun der IP bzw. vum Benotzer. Vill Vandalen änneren net nëmmen een, mee gläich e ganze Batz Artikelen. Klickt dozou op de Link "Kontributiounen" am Historique. Doduerch kritt Dir all Bäiträg ugewisen, déi de Benotzer a leschter Zäit gemaach huet, an dacks stéisst ee sou op e weidere Vandalismus. Wann de Benotzer net ageloggt ass, einfach am Historique op d'IP-Adress klicken, déi direkt hanner dem Datum steet: (aktuell) (lescht) . . 13:40, 14. Mäe 2004 . . 172.18.173.128. Falls de Benotzer e Kont huet, musst Dir fir d'éischt op säi Benotzernumm klicken, an dann op "Kontributiounen" (op der lénkser Säit ënner der "Geschirkëscht").
  • Schwätzt de Vandal frëndlech awer bestëmmt un, datt hien sou Aktiounen ënnerloosse soll. Dofir kënnt dir de Bausteen
    Merci datt Dir op der Wikipedia experimentéiert hutt. Ären Test huet geklappt, an e gouf zréckgesat oder geläscht. Wgl. benotzt d'Sandkaul fir all weider Tester an Experimenter. Kuckt Iech och eis Begréissungssäit un, wann Dir méi wëllt gewuer ginn, wéi een hei matschafft.
    benotzen, bei méi schwéiere Fäll och ee vun deenen anere Bausteng:
Antippen Resultat
{{subst:Test}} --~~~~
Merci datt Dir op der Wikipedia experimentéiert hutt. Ären Test huet geklappt, an e gouf verbessert, zeréckgesat oder geläscht. Wgl. benotzt d'Sandkaul fir all weider Tester an Experimenter. Kuckt Iech och eis Begréissungssäit un, wann Dir méi wëllt gewuer ginn, wéi een hei matschafft.
{{subst:Test2}} --~~~~
Haalt wgl. op, Topegkeeten op d'Wikipedia ze schreiwen oder soss aner topeg Aktiounen ze maachen. Dat gëtt als Vandalismus ugesinn. Wann Dir Saachen ausprobéiere wëllt, da maacht dat wgl. an der Sandkaul.
{{subst:Test3}} --~~~~
Stopp! Wann Dir Iech weiderhin als Vandal op der Wikipedia bemierkbar maacht, riskéiert Dir, datt Äre Kont gespaart gëtt.
{{subst:Test4}} --~~~~
Stopp ! Dëst ass Är lescht Warnung. Déi nächst Kéier wou Dir duerch Vandalismus opfaalt, gëtt Äre Kont gespaart.
{{subst:Test5}} --~~~~
Äre Kont gouf temporär gespaart an Dir kënnt näischt op der Wikipedia änneren. Inhalt vu Säiten ouni Grond läschen, pejorativ Bemierkungen iwwer aner Benotzer, muttwëllege Kabes an d'Artikele schreiwen a falsch Informatiounen uginn, gëtt als Vandalismus ugesinn an net toleréiert. Wann Dir intresséiert sidd, seriö hei matzeschaffen, da kënnt Dir dat nees probéieren nodeem Är Spär ofgelaf ass.
{{subst:Test6}} --~~~~
Äre Kont gouf wéinst widderhueltem Vandalismus gespaart. Wann dës Spär sollt auslafen, haalt op, muttwëlleg Artikelen ze zerstéieren, oder Dir musst mat laange Spären an anere Schrëtter rechnen.
{{subst:Vandalespär}} --~~~~
Well Dir Äre Kont nëmme fir Vandalismus benotzt, gouf dësen ouni Aschränkung gespaart. Haalt wgl. op muttwëlleg Artikelen ze zerstéieren, oder Dir musst mat anere Schrëtter rechnen.
  • Bei schwéiere Fäll déi sech net ginn, frot en Administrateur fir den Artikel an/oder de Vandal ze spären.
  • Administrateure kënnen och ganz IP-Adressberäicher spären. Dozou musst Dir bäi der IP-Adress eng Nummer b bäisetzen, déi ugëtt, wéi vill vun den héchstwäertege Bits vun der Adress festgeluecht solle ginn. De gëltege Beräich ass: 16<=b<=31. E Block vun "1.2.3.4/24" blockéiert z. B. all IP-Adresse vun 1.2.3.0 bis 1.2.3.255. Mat sou grousse Spären soll een awer ganz virsiichteg sinn, well d'Gefor grouss ass, aner Benotzer, déi net betraff sinn, mat ze blockéieren. (Kuckt och: m:Range blocks)

Vandalismus geziilt erkennen a bekämpfen[Quelltext änneren]

Geschirkëscht vu MediaWiki
  • D'rezent Ännerunge sinn eng Méiglechkeet vu MediaWiki, fir Vandalismus ze entdecken. Do soll ee besonnesch op IPs a Benotzer mat rouden, eidele Benotzersäiten oppassen.
  • Special:Contributions/newbies weist gesammelt d'Bäiträg vun neie Benotzer un.
IRC
  • De Wikimedia-IRC-Server weist déi lescht Ännerunge fortlafend unn. Do gesäit een och, wéivill Bytes dobäi oder ewechgeholl goufen - nëtzlech, fir d'Läschung vu kompletten Artikelen z'erkennen.
Speziell Programmer
  • Vandal Fighter ass en Open-Source-Programm, deen d'rezent Ännerungen (RC) iwwerwaacht a verschidden Hëllefsmëttel zur Verfügung stellt. De Bot schafft op alle Sprooche vun der Wikipedia, verschidde Features sinn awer nëmme fir déi englesch Wikipedia verfügbar (kuckt den Changelog).
  • Den IRC Bot "computer2" ass en Open-Source-Skript fir mIRC, deen d'RC iwwerraacht, a verdächteg Ännerunge markéiert. D'komplett Kommandolëscht ass op all Kanal verfügbar, op deem de Bot ageloggt ass; einfach "computer help" am Channel soen. Ausserdem gëtt et nach den engleschen CVU.
  • Lupin's Anti-Vandal Tool iwwerwaacht d'RC an iwwerpréift si op gängeg Vandalismen.
  • De Java-Programm Rcbirds analyséiert déi lescht Ännerungen.
Aner Geschirer
  • D'Websäit http://apper.de/wiki/ gëtt vu ville Wikipedianer zu der kollaborativer Kontroll vun den anonymen Ännerunge genotzt. Ännerungen, déi schonn iwwerpréift goufen, ginn aus der Lëscht erausgeholl, sou datt eng onnéideg Duebelaarbecht verhënnert gëtt. IPen, déi verdächteg fir Vandalismus sinn, gi markéiert. Weider Informatioune fannt Dir ënner IP-Patrol.