Wikipedia:Navigatiounsläischten
Eng Navigatiounsläischt ass an der Wikipedia e Bausteen, deen dofir do ass fir d'Navigatioun tëscht eenzelen Artikelen, déi zu enger Grupp gehéieren, méi séier a méi einfach ze maachen.
Dës Navigatiounsläischte solle wa méiglech eenheetlech, ob mat oder ouni Bild, gehale ginn. Si ginn um Enn vum Artikel a virun d'Kategorië gesat.
Fir verschidden Navigatiounsläischten ze gruppéieren, gëtt et d'Schabloun Naviblock.
Hei drënner ass als Beispill eng kleng Auswiel vun Navigatiounsläischten déi op der lëtzebuergescher Wikipedia gebraucht ginn. Et gëtt der fir eng ganz Rëtsch Beräicher, vun „Administrativ Andeelungen“ iwwer „Geographie“ bis zu „Transport a Verkéier“.
Fir s'alleguer ze gesinn, kuckt: Kategorie:Navigatiounsläischten.
All Navigatiounsläischt soll an eng passend thematesch Ënnerkategorie an d'Kategorie:Navigatiounsläischten gesat ginn. Et sollt een hei oppassen, datt dëst tëscht <noinclude>...</noinclude> gemaach gëtt, fir datt nëmmen d'Schabloun an déi Kategorie gesat gëtt an net all déi Säiten, an deenen d'Schabloun benotzt gëtt.
Navigatiounsläischten hunn e Knäppchen Weisen oder Verstoppen fir d'Läischt op- oder zouzeklappen.
Beispiller
[Quelltext änneren]Astronomie
[Quelltext änneren]Eist Sonnesystem
- {{Navigatioun Sonnesystem}}
Geographie
[Quelltext änneren]Fir all Navigatiounsläischten iwwer d'Thema Geographie ze gesinn, kuckt: Kategorie:Navigatiounsläischten:Geographie
Europäesch Unioun
- {{Navigatioun Memberstaaten EU}}
Gemengen am Kanton Lëtzebuerg
- {{Navigatioun Gemengen am Kanton Lëtzebuerg}}
Administrativ Ënnerdeelungen an den USA
- {{Navigatioun US-Bundesstaaten}}
Verschiddenes
[Quelltext änneren]Euromënzen pro Land
- {{Navigatioun Euromënzen}}
