Op den Inhalt sprangen

Deutsche Bank

Vu Wikipedia
Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Deutsche Bank
Typ Aktiegesellschaft (Däitschland)
Grënnungsdatum 10. Mäerz 1870
Grënner Ludwig Bamberger
Land Däitschland
Sëtz Frankfurt am Main
Besëtzer BlackRock, Capital Group Companies, Cerberus Capital Management
Mataarbechter 90.130
  (31. Dezember 2023)
Ëmsaz 24.895.000.000 Euro
  (31. Dezember 2021)
Homepage https://www.db.com

D'Deutsche Bank (Däitsch Bank) ass déi gréisst däitsch Finanzentreprise. Et ass eng Aktiegesellschaft mat Sëtz zu Frankfurt am Main. Si huet iwwer 81.000 Mataarbechter.

Presenz zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]

Wärend dem Zweeten Weltkrich, am November 1940, accaparéiert Deutsche Bank sech een Deel vun Kapital vun der Banque Générale de Luxembourg: de Josef Abs an den Alfred Kurzmeyer kommen an de Verwaltungsrot vun der BGL. Am Laf vun der Besatzung gëtt deen däitschen Afloss ëmmer méi zentral.[1]

Deutsche Bank etabléiert sech den 12. August 1970 opneits zu Lëtzebuerg, ënnert dem Numm Compagnie Financière de la Deutsche Bank. Wéi aner däitsch Banken benotzt si déi lëtzebuergesch Finanzplaz am Ufank virun allem fir um Euromarché matzemaachen. Ab den 1980er Joren positionéiert si sech och am Private Banking. 1981 hellt Deutsche Bank eng Bedeelegung vun 25% bei der Banque de Luxembourg. Am Mäerz 1987 ännert si hiren Numm an Deutsche Bank Luxembourg S.A. Zu deem Moment war d’Bank déi gréissten Bank zu Lëtzebuerg wat d’Bilanzzomm ugeet.[2]

Bibliographie

[änneren | Quelltext änneren]
  • Ekkehard Storck, Euromarkt, Finanz-Drehscheibe der Welt, Stuttgart, Schäffer-Poeschel, 1995.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Hans-Erich Volkmann, Luxemburg im Zeichen des Hakenkreuzes : eine politische Wirtschaftsgeschichte 1933 bis 1944, Paderborn, Schöningh, 2010.
  2. Christopher Kopper, « Das Privatkundengeschäft der deutschen Banken in Luxemburg », in Claude Marx, Marc Limpach et Benoît Majerus (dir.), Surveillance, indépendance et intégrité, Luxembourg, CSSF, 2020, p. 141‑147.
 Commons: Deutsche Bank – Biller, Videoen oder Audiodateien