Belsch Euromënzen
Déi national Säite vun de belschen Euromënzen:
Éischt Serie (1999-2007)[änneren | Quelltext änneren]
All aacht Mënzen hunn de selwechte Sujet: De Kinnek Albert II. a säi kinnekleche Monogramm, ronderëm sinn déi 12 Stäre vun der EU an d'Joer, wou se geklappt goufen. Den Design ass vum Jan Alfons Keustermans.
-
2 Euro
-
1 Euro
-
50 Cent
-
20 Cent
-
10 Cent
-
5 Cent
-
2 Cent
-
1 Cent
Zweet Serie (vun 2008 un)[änneren | Quelltext änneren]
Déi Serie, déi vun 2008 un erauskënnt, ënnerscheet sech just an Detailer vun där éischter: De Portrait vum Kinnek Albert ass liicht adaptéiert ginn, nei sinn d'Buschtawe "BE" (fir d'Land) riets dovun, an och Monogramm an d'Joreszuel sinn elo am banenzegsten Deel vun der Mënz.
2-Euro-Gedenkmënzen[änneren | Quelltext änneren]
2005[änneren | Quelltext änneren]
De 25. Mee 2005 koum an enger Oplo vu 6 Mio. Stéck déi éischt 2-Euro-Gedenkmënz erausginn. Dorop ze gesinn sinn den Albert II. an de Grand-Duc Henri fir un d'Belsch-lëtzebuergesch Wirtschaftsunioun z'erënneren.
2006[änneren | Quelltext änneren]
Fir d'Enn vun der Renovatioun vum Atomium ze zelebréieren, ass am Abrëll 2006, an enger Oplo vu 5 Mio. Exemplairen eng Extramënz erauskomm.
2007[änneren | Quelltext änneren]
Wéi déi aner Memberstaate vun der Eurozon och, huet d'Belsch eng Mënze zum 50. Anniversaire vun de Réimeschen Traitéen, de 25. Mäerz 2007, erausginn. D'Iwwerschrëft ass op Latäin: PACTVM ROMANVM QVINQVAGENARIVM, Den Numm vum Land ass an allen 3 offizielle Sprooche vun der Belsch, nämlech op Däitsch, Franséisch an Hollännesch.
2008[änneren | Quelltext änneren]
Wéi 3 aner Länner och gedenkt d'Belsch dem 60. Joresdag vun der Universaler Deklaratioun vun de Mënscherechter.
2009[änneren | Quelltext änneren]
D'Belsch gëtt 2 Gedenkmënzen eraus: Mat deenen anere 15 Eurolänner eng fir den 10. Anniversaire vun der europäescher Wirtschafts- a Wärungsunioun, an eng zum 200. Gebuertsdag vum Louis Braille.
2010[änneren | Quelltext änneren]
2010 huet d'Belsch am 2. Semester d'Presidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun, dat dann och de Sujet vun der Gedenkmënz vun deem Joer ass.
![]() |
Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun. |
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Euro coins (Belgium) – Biller, Videoen oder Audiodateien |