Louis Braille

Vu Wikipedia
Louis Braille
Portrait vum Louis Braille
Gebuer 4. Januar 1809
Coupvray
Gestuerwen 6. Januar 1852
Paräis
Doudesursaach Tuberkulos
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Organist, Erfinder

De Louis Braille, gebuer de 4. Januar 1809 zu Coupvray, am Departement Seine-et-Marne, a gestuerwen de 6. Januar 1852 zu Paräis, war e franséische Blannen-Enseignant (Braille-Schrëft), dee selwer blann war.

Säi Papp war Siedler an de klenge Louis huet sech am Alter vun dräi Joer mat enger Éil un engem A blesséiert. Doropshi koum et zu enger Entzündung vun deem A, déi och dat anert A vereetert huet. De Bouf gouf blann a gouf 1819 vu sengen Elteren an de Paräisser Blanneninstitut bruecht, wou hie bis zu sengem Doud als Schoulmeeschter beschäftegt war. Scho mat 16 Joer gouf hien als Hëllefsschoulmeeschter agesat.

Wéi de Louis Braille vun der Noriichteniwermëttlung mat Hëllef vun erhéichte Pabeierpunkten, déi den Charles Barbier entwéckelt hat, héieren huet, huet hien dës Iddi weiderentwéckelt. 1825 ass schliisslech déi weltwäit akzeptéiert Blanneschrëft entstanen, déi ee mat de Fangerspëtze kann taaschten. 1839 huet de Louis Braille och eng Nouteschrëft fir blann Leit erfonnt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Braille – Biller, Videoen oder Audiodateien