Bujumbura
| Bujumbura | |
|---|---|
|
| |
| Land | Burundi |
| Vewaltungseenheet | Bujumbura Mairie |
| Awunner | 658.859 |
| 2014 | |
| Fläch | 86,54 km² |
| Héicht | 774 m |
| Koordinaten | 3°22'57"S, 29°21'40"O |
| Telefonszon | 2220 |
| Websäit | http://www.mairiebujumbura.gov.bi |
|
| |
|
| |
Bujumbura war bis Januar 2019 d'Haaptstad vum ostafrikanesche Staat Burundi an hat 2009 ongeféier 370.000 Awunner. D'Stad läit um Tanganjikaséi an ass déi gréisst Stad vum Burundi a säi verwaltungstechneschen und wirtschaftlechen Zentrum.
No engem Vott am Parlament am Dezember 2018 gouf Gitega, déi historesch Haaptstad, rëm zur offizieller Haaptstad vum Burundi.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Bujumbura ass aus engem klengen Duerf erausgewuess, nodeem et 1889 e Militärposten am deemolegen Däitsch-Ostafrika gouf. Nom Zweete Weltkrich gouf et zum Verwaltungszentrum vum belsche Vëlkerbond-Mandat iwwer Ruanda-Urundi. D'Stad gouf vun Usumbura a Bujumbura ëmbenannt, wéi de Burundi 1962 onofhängeg gouf.
Zanter der Onofhängegkeet war Bujumbura d'Plaz vu ville Kämpf tëscht den zwou gréissten ethnesche Gruppe vum Land, wobäi d'Hutu-Miliz géint d'Tutsi-dominéiert Arméi vum Burundi gekämpft huet.
Ekonomie
[änneren | Quelltext änneren]Bujumbura produzéiert ë. a. Zement, Textilien a Seef. D'Stad huet dee gréisste (Bannen-)Hafe vum Burundi a verschëfft iwwer den Tanganjikaséi e groussen Deel vum Haaptexportprodukt vum Land, Kaffi, grad sou wéi Kotteng, Pelzer an Zënnerz.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Bujumbura – Biller, Videoen oder Audiodateien |
| Commons: Bujumbura – Biller, Videoen oder Audiodateien |

