Podgorica

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Podgorica
Подгорица
Fändel Wopen
Lokalisatiounskaart
Land: Montenegro
Koordinaten: 42° 26' 23" N
19° 15' 58" E
Fläch: 225 km²
Awunner: 150.977 (2011)
Bevëlkerungsdicht: 671 Aw./km²
Héicht: 45 m
Zäitzon: UTC+1
Autoskennzeechen: PG
Buergermeeschter: Miomir Mugoša (DPS)
Skyline vu Podoroca, mat vir der Hl. Péiter vun Cetinje Plaz

Podgorica (kyr. Подгорица) ass mat ronn 150.000 Awunner (2011) d'Haaptstad vum Montenegro. Si läit an enger wäiter Glecht op där Plaz wou d'Zeta an d'Morača leeft.

Vun 1946 bis 1992 housch d'Stad Titograd. Den aktuellen Numm Podgorica bedeit souvill wéi ënner dem Hiwwel.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1326 gouf Podgorica fir d'éischt Kéier als kleng Siidlung ernimmt a stoung laang am Schied vu Skutari, Medun an de Küstestiedt Bar a Budva, spéider dann och vun Cetinje. Si huet Mëtt vum 14. Joerhonnert zum serbesche Räich vum Zar Stefan Dušan gehéiert, duerno zu de Firschtentëmer vun de Balšić (bis 1421), Lazarević/Branković (1421–1439/1444–1452) an den Crnojević (bis 1466). Kuerzzäiteg stoung d'Stad och ënner venezianescher Herrschaft. Vu 1466 u war Podgorica Deel vum Osmanesche Räich. D'Osmanen hunn hei eng grouss Festung gebaut, fir sech géint Ugrëff vun de fräie montenegrinesche Stämm aus de Bierger ze schützen. Mat der Festung ass déi strateegesch Bedeitung vu Podgorica gewues. Um Berliner Kongress (1878) gouf Podgorica Montenegro zougesprach, deem seng Haaptstad zu där Zäit Cetinje war. D'Resultater vum Kongress hunn d'Enn vu 4 Joerhonnerten osmanesch Herrschaft bruecht. Podgorica ass zanter dëser Zäit déi gréisst Stad vum Land an déi wichtegst Handelsplaz.

Am Éischte Weltkrich stoung Podgorica vun 1916 bis 1918 ënner éisträicher Besatzung. 1918 koum d'Stad mat Montenegro zu Jugoslawien. Am Zweete Weltkrich koumen no den italieenesche Besatzer (1941–1943) déi Däitsch (1943–1944). D'Stad war wärend dem Krich enge 70 Loftugrëff ausgesat, déi se bal ganz zerstéiert hunn. Am Dezember 1944 gouf se duerch d'jugoslawesch Partisane befreit. 1946 gouf d'Stad zu Éiere vum jugoslawesche Ministerpresident Josip Broz Tito an Titograd ëmbenannt a gläichzäiteg zur Haaptstad vun der jugoslawescher Deelrepublik Montenegro erkläert. Zanter dem 2. Abrëll 1992 heescht se nees Podgorica. Nom Onofhängegkeetsreferendum 2006 gouf Podgorica d'Haaptstad vum neie Staat Montenegro.

Fotosalbum vun der Stad[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Podgorica – Biller, Videoen oder Audiodateien