Op den Inhalt sprangen

Hëllef:Magesch Wierder

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Hëllef:Variabelen)

Magesch Wierder sinn an der Wiki-Syntax eng Zeecheketten déi d'MediaWiki-Software mat engem Wäert oder enger Funktioun associéiert, wéi der Zäit, den Detailer vun der Säit oder dem Säitennumm.

Et gëtt 3 allgemeng Typpe vu magesche Wierder:

  • Verhalensschalter: se ginn normalerweis mat Groussbuschtawe geschriwwen, déi vir- an hannendru jee zwéin Ënnerstrécher (underscore) hunn, z. B. __NOTOC__.
  • Variabelen: si Wierder a Groussbuschtawen, déi vir- an hannendru jee zwou Akkoladen hunn, z.B. {{PAGENAME}}. Dowéinst gläichen se de Schablounen.
  • Parser-Funktiounen: s'akzeptéiere Parameteren an et gëtt s'an zwou Formen: {{foo:...}} oder {{#foo:...}}, z. B. {{#invoke:...}}.

Säitenofhängeg magesch Wierder beaflossen oder ginn d'Daten (standardméisseg) iwwer déi aktuell Säit zeréck, och wann d'Wuert iwwer eng agebaut Schabloun oder eng agebonne Systemmeldung bäigefüügt gëtt.

Verhalensschalter

[änneren | Quelltext änneren]

Hei ass eng Auswiel vu Verhalensschalter (en. behavior switches) déi op der lëtzebuergescher Wiki gebraucht ginn:

Schalter Beschreiwung
Inhaltsverzeechnes
__TOC__ Setzt d'Inhaltsverzeechnes (TOC) vun der Säit op d'Positioun vum magesche Wuert (funktionéiert net do, wou d'Inhaltsverzeechnes baussent dem Artikel ugewise gëtt, z. B. op der Benotzeruewerfläch am Vector 2022)
__FORCETOC__ Weist d'Inhaltsverzeechnes op der Standardplaz un, och wa manner wéi véier Iwwerschrëften am Artikel sinn (funktionéiert net do, wou d'Inhaltsverzeechnes baussent dem Artikel ugewise gëtt, z. B. op der Benotzeruewerfläch am Vector 2022)
__NOTOC__ Ënnerdréckt d'Uweise vum Inhaltsverzeechnes vun der Säit.
Editéieren
__NOEDITSECTION__ Verstoppt den Änneren-Knäppchen deen normalerweis nieft all Iwwerschrëften op der Säit steet.
Kategorien
__NOGALLERY__ Ersetzt an enger Kategoriësäit d'Miniaturbiller mat normale Linken.
__HIDDENCAT__ Verstoppt eng Kategorie
Verschiddenes
{{DISPLAYTITLE:title}} Gëtt gebraucht fir de Lemma vun der Säit anescht unzeweisen
{{DEFAULTSORT:sortkey}} Definéiert de Standardschlëssel (Index) ënner deem d'Säit klasséiert gëtt.
ISBN Formatéiert d'ISBN-Nummer mat engem Link fir drop ze klicken, deen op d'Spezialsäit ISBN-Sich weiderleet
#REDIRECT Mécht eng Weiderleedung op eng aner Säit.
Syntax: #REDIRECT [[…]]
  • Fir zousätzlech Informatiounen, kuckt op MediaWiki.

Hei ass eng Auswiel vu Variabelen (en. variables) déi op der lëtzebuergescher Wiki gebraucht kënne ginn:

Variabel Wäert
(Beispill, bezunn op dës Säit)
Beschreiwung
{{FULLPAGENAME}} Hëllef:Magesch Wierder Titel vun der Säit (mam Nummraum)
{{PAGENAME}} Magesch Wierder id. (ouni den Nummraum)
{{TALKPAGENAME}} Hëllef Diskussioun:Magesch Wierder Titel vun der Diskussiounssäit, déi mat der aktueller Säit verbonnen ass
{{NAMESPACE}} Hëllef Nummraum vum Titel vun der aktueller Säit
{{NAMESPACENUMBER}} 12 Nummer vum Nummraum vum Titel vun der aktueller Säit
{{FULLPAGENAMEE}},
{{PAGENAMEE}},
(asw.)
H%C3%ABllef:Magesch_Wierder,
Magesch_Wierder,
(asw.)
Wann een en <E> um Enn vun den uewe genannte Variabelen dobäigesat gëtt, gëtt d'URL gewise fir op MediaWiki kënne benotzt ze ginn (d. h. mat Ënnerstrécher amplaz vu Sputten)
{{SITENAME}} Wikipedia Numm vun der Internetsäit
{{SERVER}} //lb.wikipedia.org URL-Domän
{{SERVERNAME}} lb.wikipedia.org Ënnerdomän an Domännumm

Zäit an Datum

[änneren | Quelltext änneren]
Aktuell Zäit an Datum
Universalzeäit Zäit op der lokaler Websäit Beschreiwung
Variabel Wäert Variabel Wäert
{{CURRENTYEAR}} 2025 {{LOCALYEAR}} 2025 Aktuellt Joer
{{CURRENTMONTH}} 11 {{LOCALMONTH}} 11 Aktuelle Mount (Zuel)
{{CURRENTMONTHNAME}} November {{LOCALMONTHNAME}} November id. (Numm)
{{CURRENTMONTHABBREV}} Nov. {{LOCALMONTHABBREV}} Nov. id. (gekierzten Numm)
{{CURRENTDAY}}[1] 11 {{LOCALDAY}}[1] 11 Aktuellen Datum
{{CURRENTDAY2}}[1] 11 {{LOCALDAY2}}[1] 11
{{CURRENTDOW}} 2 {{LOCALDOW}} 2 Aktuelle Wochendag (Zuel, vun 0 (fir Sonndeg) bis 6 (fir Samschdeg))
{{CURRENTDAYNAME}} Dënschdeg {{LOCALDAYNAME}} Dënschdeg id. (Numm)
{{CURRENTTIME}} 22:57 {{LOCALTIME}} 22:57 Aktuell Zäit
{{CURRENTHOUR}} 22 {{LOCALHOUR}} 22 Aktuell Stonn
{{CURRENTWEEK}} 46 {{LOCALWEEK}} 46 Aktuell Woch
{{CURRENTTIMESTAMP}} 20251111225717 {{LOCALTIMESTAMP}} 20251111225717 Aktuellen Zäitstempel (YYYYMMDDHHmmss)

Lescht Säitenännerung

[änneren | Quelltext änneren]
Lescht Säitenännerung
Variabel Wäert

(Beispill, bezunn op dës Säit)

Beschreiwung
{{REVISIONDAY}}[1] 11 Dag (Datum) vun der leschter Ännerung
{{REVISIONDAY2}}[1] 11
{{REVISIONMONTH}} 09 Mount vun der leschter Ännerung
{{REVISIONYEAR}} 2025 Joer vun der leschter Ännerung
{{REVISIONTIMESTAMP}} 20250911122459 Zäitstempel (YYYYMMDDHHmmss) vun der leschter Ännerung
{{REVISIONUSER}} GilPe Benotzer, deen d'Säit als Leschte g'ännert huet
Wiki-Statistiken
Variabel Wäert Beschreiwung
{{NUMBEROFPAGES}} 143.836 Zuel vun de Säiten op der Wiki
{{NUMBEROFARTICLES}} 66.051 Zuel vun de Säiten déi als Artikel zielen
{{NUMBEROFFILES}} 2.531 Zuel vun de Fichieren déi eropgeluede goufen
{{NUMBEROFEDITS}} 2.641.116 Zuel vun den Ännerungen
{{NUMBEROFUSERS}} 67.914 Zuel vun den ugemellte Benotzer
{{NUMBEROFADMINS}} 8 Zuel vun den Adminen
{{NUMBEROFACTIVEUSERS}} 124 Zuel vun den aktive Benotzer
  • Fir zousätzlech Informatiounen, kuckt op MediaWiki

Parser-Funktiounen

[änneren | Quelltext änneren]

Parserfunktioune si Konstruktiounen am Wikitext, déi an aneren Text ëmgewandelt ginn; se stinn tëscht duebelen Akkoladen {{ }}. Parserfunktioune gi virun allem benotzt fir Schablounen ze programméieren.

Fir zousätzlech Informatiounen, kuckt op:

op Mediawiki

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 {{CURRENTDAY}}, {{LOCALDAY}} an {{REVISIONDAY}} ginn den Dag zeréck (z.B. "6"), wärend {{CURRENTDAY2}}, {{LOCALDAY2}} an {{REVISIONDAY2}} den Dag mat enger Null virdun zeréckginn (z.B. "06"). Fir all zweestelleg Deeg (z.B. 10 bis 31) sinn dës d'selwecht.