Arrondissement Hasselt
Ausgesinn
![]() | |
|---|---|
| Regioun | Flämesch Regioun |
| Provënz | Limburg |
| Fläch | 906,15 (km²) |
| Awunner | 395.032 (2004) |
| Gemengen | 18 |
| Sektiounen | 66 |
D'Arrondissement Hasselt ass eent vun den dräi Arrondissementer an der belscher Provënz Limburg. D'Arrondissement huet eng Fläch vun 906,15 km² an hat um 1. Januar 2006 395.032 Awunner.
D'Arrondissement ass e Geriichtsbezierk an en administrative Bezierk. An de Geriichtsbezierk falen och nach d'Gemenge Lommel, Hamont-Achel, Neerpelt, Overpelt, Hechtel-Eksel, Peer an Houthalen-Helchteren aus dem Arrondissement Maaseik.
