Op den Inhalt sprangen

Bauchspeicheldrüs

Vu Wikipedia
Engleschsproochege Schema vun der Bauchspeicheldrüs am Kierper vum Mënsch.

D'Bauchspeicheldrüs oder de Pankreas (lat.: pancreas) ass eng Drüs an en Organ am Kierper vum Mënsch an de Wierbeldéieren am allgemengen. Si zielt zum Verdauungssystem.

Lokalisatioun an Opbau[änneren | Quelltext änneren]

Beim Mënsch läit d'Bauchspeicheldrüs direkt ënnert dem Zwerchfell am hënneschten, ieweschten Deel vun der Bauchhiel, queesch hannert dem Mo an tëscht der Mëlz an dem Zwieleffangerdaarm. Beim erwuessene Mënsch ass si ronn 12 bis 20 Zentimeter laang, a weit bis zu 100 Gramm.[1],

Et kann ee se an dräi grouss Deeler ënnerdeelen. De décke rietsen Deel, deen an der Béi vum Zwieleffangerdaarm läit gëtt de "Kapp" (caput pancreatis) genannt. D'Stéck an der Mëtt leeft op der Héicht vum 1. a vum 2. Lendenwierbel (vertebrae lumbales) laanscht de Réckstrank a gëtt "Kierper" (corpus pancreatis) genannt. De lénkse Wutz, dee bis zur Mëlz reecht, ass de "Schwanz" (cauda pancreatis).[2]

Vill Invertebrata, also Déieren ouni Wierbelsail, hu keng Bauchspeicheldrüs mee Zellen, déi déi selwecht Hormoner oder Verdauungsenzymer produzéieren. Als eegestännegt Organ fënnt een de Pankreas eréischt bei de Wierbeldéieren.

Funktioun[änneren | Quelltext änneren]

De Bluttzockerspigel gëtt am Kierper duerch en negativen Réckkopplungsmechanismus op konstantem Niveau gehalen. Déi flaach Linn stellt de homeostatesche Sollwäert duer. Déi geschwonge Linn representéiert de Bluttzockerspigel.

D'Bauchspeicheldrüs erfëllt zwou wichteg Funktiounen. Engersäits produzéiert si e Saaft mat Verdauungsenzymer, deen duerch e Gank (ductus pancreaticus) an der Bauchspeicheldrüs an den Dënndaarm fléisst. Do hëllefen déi Enzymer bei der Verdauung vum Fett, vum Eewäiss a vun de Kuelenhydrater. Anerersäits produzéiert si awer och Hormoner fir de Stoffwiessel, dorënner de Glukagon, den Insulin an de Somatostatin. Si reguléieren de Bluttzockerspigel a ginn direkt an d'Blutt ofginn.[1]

Wann de Bluttzockerspigel klëmmt, zum Beispill no enger Moolzecht, da schëtt d'Bauchspeicheldrüs Insulin aus. Deen hëlleft dobäi, den Zocker aus dem Blutt fort ze transportéieren an an der Liewer an an de Muskelen ze späicheren. E bremst och déi nei Produktioun vum Zocker an der Liewer. Esou geet den Zockerspigel am Blutt erëm erof. Wann den Zockerspigel am Blutt ze niddereg ass, de gëtt de Pankreas de Glukagon am Blutt of. Deen ass de Géigespiller vum Insulin a reegt d'Liewerzellen un, de gespäicherten Zocker fräizesetzen an Eewäiss an der Liewer an Zocker ëmzewandelen, an esou als Energie disponibel ze maachen. Wann den Zockerspigel dann erëm op normalem Niveau ass, gëtt dee Prozess nees gebremst.[1]

Beim Mënsch produzéieren d'Drüsenzellen ongeféier 1,5 bis 2 Liter Flëssegkeet den Dag. Dee Verdauungssaaft huet keng Faarf a besteet haaptsächlech aus Waasser, enthält awer och Salz, Natriumbikarbonat a Verdauungsenzymer.[1] D'Sekret vun der Bauchspeicheldrüs gëtt trotz dem Numm net als Spaut bezeechent.[3]

Bei de meeschte Mënsche leeft de Gank, iwwer deen d'Flëssegkeet an den Dënndaarm leeft, mat dem Gank aus der Galeblos zesummen. Un där gemeinsamer Sortie, déi zwee Millimeter grouss ass, steiert dann e Réngmuskel d'Entrée vum Verdauungssaaft an den Dënndaarm, a méi prezis an den Zwieleffangerdaarm.[2]

Krankheeten[änneren | Quelltext änneren]

D'Entzündung vun der Bauchspeicheldrüs ass d'Pankreatitis. Wéi all aner Organer kann och d'Bauchspeicheldrüs vu Krankheet betraff sinn.[2]

Bei der Zockerkrankheet (Diabeetes) kann d'Bauchspeicheldrüs hir Roll net richteg ausüben.

Et ass méiglech, ouni Pankreas ze liewen. Dann ass awer en Traitement néideg mat Insulin, deen ënnert d'Haut gesprëtzt gëtt, a mat Enzymer, déi oral ageholl ginn.[4]

Commons: Bauchspeicheldrüsen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 gesundheitsinformation.de: Wie funktionnier die Bauchspeicheldrüse
  2. 2,0 2,1 2,2 DocCheck Flexicon: Pankreas
  3. DocCheck Flexikon: Speicheldrüse (Veterinärmedizin)
  4. Hopitaux Universitaires Est Paris Saint-Antoine: Fonction du pancréas