Mëlz

Vu Wikipedia
D'Mëlz am Kierper vum Mënsch (engleschsproochege Schema):
Mëlz (spleen)
Veen (vein)
Arteerie (artery)
Wäisse Pulp (white pulp)
Roude Pulp (red pulp)
Mëlzkapsel (capsule).

D'Mëlz (lat.: lien; gr.: splēn) ass en Organ am Kierper vum Mënsch an de Wierbeldéieren. Et ass Deel vum lymphatesche System an domat vum Immunsystem.[1],[2]

Lokalisatioun[änneren | Quelltext änneren]

Beim Mënsch läit d'Mëlz hanne lénks am ieweschten Deel vum Bauch, ënnert dem Zwerchfell an op der Héicht vun der 9. bis der 11. Rëpp. Eng gesond mënschlech Mëlz weit tëscht 150 an 200 Gramm an ass 11 bis 14 Zentimeter laang, 7 bis 8 Zentimeter breet a ronn 3 Zentimeter déck. Domat ass se nëmmen ongeféier een Drëttel esou grouss, wéi de Mo, deen dernieft läit. Et gëtt eng positiv Korrelatioun tëscht der Gréisst vun der Mëlz an der Gréisst an dem Gewiicht vum jeeweilege Kierper.[3],[4]

D'Mëlz huet eng roudelzeg bis bloviolett Fierwung an ongeféier d'Form vun enger Boun.[4]

Bei den Déiere kann d'Mëlz vill méi grouss sinn. Esou ka se bei engem Päerd bis zu zwéi Kilo weien.[5]

Opbau[änneren | Quelltext änneren]

D'Mëlz huet zwou grouss Uewerflächen: de facies diaphragmatica, eng glat, no bausse bombéiert Fläch, déi Richtung Zwerchfell weist, an de facies visceralis, eng no banne bombéiert Fläch, déi a Richtung Nopeschorganer weist. De Mëlzhilus ass d'Plaz op där d'Bluttgefäässer an d'Organ ginn an et esou mam Bluttkreeslaf verbannen.[3]

D'Textur ass wéi déi vun engem Schwamp. Ronderëm d'Organ ass d'Mëlzkapsel, e Bindegeweebe, dat räich u Faseren ass an an deem der Mëlz hir Blutt- a Lymphgefäässer setzen. Zwou grouss Zorte biologeschen Tissu fënnt een an der Mëlz: de wäisse Pulp an de roude Pulp.[6]

Funktioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Mëlz besteet aus zwéi verschiddenen Tissuen: de wäisse Pulp (A) an de roude Pulp (B). De wäisse Pulp huet d'Aufgab, Immun- a Bluttzellen ze produzéieren. De roude Pulp huet d'Aufgab, onerwënscht a schiedlecht Material aus dem Blutt ze filteren.

De wäisse Pulp gehéiert zum Immunsystem, also dem System, dat Infektioune bekämpft. E produzéiert Lymphozyten, wäiss Bluttkierpercher, déi selwer Antikierper produzéieren. Antikierper si speziell Eewäisser, déi eng Schutzfunktioun hunn an eng wichteg Roll beim Kampf géint Friemstoffer am Kierper spillen.[6]

De roude Pulp filtréiert d'Blutt. Mat Hëllef vu sougenannte "Friesszellen", de Phagozyten, gi schiedlech Mikroorganisme wéi Bakteerien aus dem Blutt geholl. De roude Pulp kontrolléiert donieft, ob déi rout Bluttkierpercher schlecht forméiert, ze al oder ze geschiedegt si fir nach korrekt ze fonctionéieren, an zerstéiert se. Zousätzlech ass de roude Pulp e Späicher fir wäiss Bluttkierpercher (Erythrozyten) a Bluttplättecher (Thrombozyten), déi en ausscheede kann, och wann dat keng wichteg Funktioun vun der Mëlz ass.[6]

Krankheetsbiller[änneren | Quelltext änneren]

De Mënsch kann ouni Mëlz iwwerliewen; deen Zoustand gëtt Asplenie genannt.

Et kënnt seele vir, datt Kanner ouni Mëlz gebuer ginn. An de Fäll wou dat geschitt, huet de Puppelchen dacks och en Häerzfeeler.

Persoune mat enger funktioneller Asplenie hunn zwar nach eng Mëlz, mee si funktionéiert net richteg. Wann d'Mëlz net richteg funktionéiert, da ka se ufänke gesond Bluttzellen ze zerstéieren. Dat kann dann zu Bluttaarmut (Anaemia) féieren, also zu enger reduzéierter Unzuel vu roude Bluttkierpercher. Wéinst enger reduzéierter Unzuel vu wäisse Bluttkierpercher kann och de Risiko fir Infektiounskrankheeten erhéicht ginn, a wéinst manner Bluttplättecher kënne Bluddungen a blo Plazen entstoen.[2]

D'operatiivt Eraushuele vun der Mëlz ass d'Splenektomie. Dat geschitt entweder no enger Erkrankung vun der Mëlz, oder no enger Verletzung, zum Beispill bei engem Accident.[6]

D'Splenomegalie ass eng Vergréisserung vun der Mëlz. Dat ka vill Ursaachen hunn, an ënner anerem en Zeeche vun enger Leukemie oder enger Malariainfektioun sinn.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mëlz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Europäesch Unioun: Scientific Committees Toolbox: Spleen
  2. 2,0 2,1 nhs.uk: Spleen problems and spleen removal
  3. 3,0 3,1 DocCheck Flexikon: Milz
  4. 4,0 4,1 syxyl.de: Die Milz und ihre Funktion für das Immunsystem
  5. DocCheck Flexikon: Milz (Pferd)
  6. 6,0 6,1 6,2 6,3 MDS Manual (Ausgabe für Patienten): überblick über die Milz