Bauch

Vu Wikipedia
Anatomesch Andeelung vum mënschleche Bauch.

De Bauch, an der Fachsprooch mam laténgeschen Numm Abdomen bezeechent, ass en Deel vum Kierper beim Mënsch a bei de meeschte Wierbeldéieren. E läit tëscht der Broscht, respektiv dem Broschtkuerf, an dem Becken. Dovun ass de Bauch de viischten Deel, deen hënneschten Deel zielt zum Réck.

Den Huelraum vum Abdomen ass d'Bauchhiel (lat.: cavitas abdominalis).

Beim Mënsch fänkt de Bauch ongeféier op der Héicht vun der Spëtzt vum Broschtbeen (Sternum) un a geet bis ongeféier de Leeschteband (lat: ligamentum inguinale). Den Deel vum Bauch iwwer dem Bauchnuebel, deen nach vun den ënneschte Rëpper ëmfaasst ass, ass den ieweschte Bauch oder Epigastrium. Den Deel ouni Schanken an der Regioun ronderëm den Nuebel ass de Mëttelbauch oder Mesogastrium. Den Ënnerleif oder Hypogastrium ass den ënneschten Deel vum Bauch, dee vum Becken ëmfaasst ass.

Déi viischt a säitlech Begrenzung vum Bauch bilt d'Bauchmuskulatur, iwwer déi d'Haut gespaant ass. Den hënneschten Deel ass vum Réckstrank begrenzt. D'Ausgesi vun der Uewerfläch vum Bauch hänkt vun der Ernierung an dem Trainingszoustand vun der Persoun oder dem Déier of. Bei schlanken an fitte Mënschen zeechent sech de Relief vun de Bauchmuskulatur of, bei iwwergewiichtege Mënschen ass de Bauch wéinst enger ausgepräägter Fettschicht no bausse gewölbt.[1]

Bei de Wierbeldéieren ass de Bauch eng eng grouss Hiel an deem eng Rei wichteg Organer leien, dorënner de Mo, den Dënndaarm, den Déckdaarm, d'Liewer, d'Galeblos, d'Bauchspeicheldrüs, d'Nieren, d'Niewennieren, den Harnleiter an d'Mëlz.

Bei Arthropoden gëtt den hënneschten Deel vum Läif als Abdomen bezeechent.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bäich – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. DocCheck Flexikon: Abdomen