Réck

Vu Wikipedia
De Réck an den Hënner vun engem Mann.

De Réck (lat.: dorsum) ass e groussen Deel hannen um Kierper vum Mënsch a villen Déieren.

De Réck ass d'Kierperuewerfläch, déi op de anerer Säit vun der Broscht an dem Bauch läit. D'Wierbelsail geet iwwer déi ganz Längt vum Réck. Beim Mënsch erstreckt de Réck sech vertikal vum ënneschten Deel vum Genéck bis un d'Krippchen, respektiv den ieweschten Deel vum Hënner. Op de Säite vum Kierper gëtt et keng markant Ofgrenzungen. D'Breet vum Réck gëtt beim Mënsch uewe vun de Schëlleren an den Äerm an ënne vum Becken definéiert.[1]

De Réck besteet beim Mënsch aus Haut, Wierbelen, Rëpper a Muskelen. D'Organer an der Broschthiel an an der Bauchhiel zielen net zum Réck.

Bei de Wierbeldéieren, déi op véier Patte lafen, ass de Réck déi Kierpersäit, déi an der Lafpositioun vum Buedem fortgedréint ass, also den ieweschten Deel vum Kierper. De Réck verleeft dann horizontal zum Buedem, an net vertikal. Et gëtt Déieren, déi mam morphologesche Réck no ënnen a mam Bauch no uewe schwammen, dorënner eng Fëschaart, déi op Däitsch Rückenschwimmender Kongowels (synodontis nigriventris) heescht, an d'Réckschwëmmer (notonectidae), eng Famill Insekten, déi zu de Wanzen zielen.[1],[2]

D'Wuert Réck kënnt aus dem Alhéichdäitschen hrukki.

Mat Bezuch op den anatomesche Réck kënnen och déi hënnescht Säite vun Objeten als "Réck" oder "Récksäit" bezeechent ginn, zum Beispill de Réck vum engem Schaf, oder d'Récksäit vun engem Buch.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Récker – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 spektrum.de: Rücken
  2. University of Florida: Common Backswimmers