Op den Inhalt sprangen

Réckstrank

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Wierbelsail)
D'Wierbelsail bei enger Geess.
De Réckstrank vum Mënsch.

De Réckstrank oder d'Wierbelsail (lat. columna vertebralis), och nach Réckstrang a Wirbelsail geschriwwen, ass den zentralen Deel am Skelett vun de Wierbeldéieren. E besteet aus iwwerenee gestapelt Schanken, de Wierbelen. Duerch d'Mëtt vun der Wierbelsail leeft de Wierbelkanal, an deem d'Réckemuerch ze fannen ass.

Als Réckgrat (gr.: ῥάχις rhachis) ginn d'Wierbelfortsätz bezeechent, déi laanscht d'Mëtt vum Réck eroflafen an déi een ënnert der Haut taaschte kann. Am weidere Sënn gëtt d'Réckgrat heiansdo och als Synonym fir de Réckstrank gebraucht. D'Adjektiver vertebral a spinal bezéie sech op d'Wierbelsail.

Am mënschleche Kierper besteet d'Wierbelsail aus 24 fräie Wierbelen, déi iwwer 23 Bandscheiwe beweeglech verbonne sinn, an aacht bis zéng Wierbelen, déi zum Kräizbeen an zur Krippche verwuess sinn. Well de Réckstrank bal dat ganz Kierpergewiicht droen an op d'Bee verdeele muss, ass en ënne méi déck wéi uewen. En ass gebéit, fir Stéiss ze dämpfen. D'Wierbelsail erméiglecht och d'Beweegung vum Kierper an all Richtungen. D'Beweeglechkeet vun der Wierbelsail ass a verschidden Ofschnëtt ënnerschiddlech. Am flexibelste sinn d'Halswierbelen.

Et gëtt ongeféier 50.000 Déierenaarten, déi eng Wierbelsail hunn. Déi allgemeng Struktur vun de mënschleche Wierbelen ass gréisstendeels homolog zu där vun den anere Mamendéieren, Reptiller a Vullen. D'Form vum Wierbelkierper variéiert awer tëscht de verschiddenen Aarten.

Commons: Réckstrank – Biller, Videoen oder Audiodateien