Mo

Vu Wikipedia
De Mo.

De Mo (lat.: ventriculus; gr.: γαστῆρ , gaster) ass e liewenswichtegt Organ am Verdauungssystem vum mënschleche Kierper an am Kierper vu bal all Déier.

Struktur[änneren | Quelltext änneren]

Déi primitiivst Form vun engem Mo hunn d'Nesseldéieren, bei deenen de Mo gläichzäiteg d'Ausscheedungsorgan ass.

Beim Mënsch a bei de meeschten Déieren ass de Mo fir déi éischt Schrëtt vum Verschaffe vun der Narung a fir d'Sekretioun vum Mosaaft (Succus gastricus) verantwortlech. E läit beim Mënsch am Bauch an ass e muskuléist Organ a Form vun engem J, dat banne mat enger Schläimhaut ausgekleet ass. En déngt als Tëschespäicher fir d'Narung a spléckt se an eng hallefflësseg Substanz, den Chymus, op.

Bei den Déieren, déi idderzen, a bei de Vullen huet de Mo net just ee Raum, mee e puer ofgegrenzt Raim. Insekten hunn héichspezialiséiert Organer, wéi zum Beispill den Hunnegmo bei enger Bei. Et gëtt och Déieren ouni Mo, zum Beispill de Kaarp.

De Mo vum Mënsch huet véier Haaptberäicher: de Kardia (den Agank an de Mo an den Iwwergang vun der Speiseröre), de Fundus (d'Kuppel vum Mo), de Korpus (de „Kierper“ vum Mo, also de gréissten Deel) an de Pylorus (den Iwwergang an den Dënndaarm). Déi Sektioune schaffen zesumme fir de Verdauungsprozess ze erliichteren. D'Moschläimhaut besteet aus ville Falen a Millioune klenge Grouwen, an deene spezialiséiert Zelle sëtzen, déi fir d'Produktioun vum Mosaaft zoustänneg ass.

D'Mowand besteet aus e puer Schichten: d'Schläimhaut, d'Bindegeweebe mat Bluttgefäässer, d'Muskelen an d'Nerven. D'Muskelschicht besteet aus dräi Loen, déi sech an ënnerschiddlech Richtungen zesummenzéie kënnen. Si beweegen de Contenu vum Mo esou kräfteg hin an hir, datt fest Deeler vun der Narung dobäi zerdréckt, gekniet an zu engem Narungsbräi duerchmëscht ginn. D'Muskele beweegen dee Bräi och bis zum Moausgank. D'Moschläimhaut bilt Falen, déi wéi winzeg Kanäl wierken. Duerch si kënne Flëssegkeete séier duerch de Mo fléissen. Wann de Mo eidel ass, dauert dat dacks net méi laang wéi eng Véierelsstonn.

Beim Mënsch ass de Mo am Duerchschnëtt 20 bis 30 Zentimeter laang a ka bis zu 1,5 Liter Volume ophuelen.

Funktioun[änneren | Quelltext änneren]

Déi eigentlech Virverdauung an d'Resorptioun, dat heescht d'Opnam vu Stoffer aus der Narung, geschitt beim Mënsch a bei de meeschten Déieren am Daarm oder méi speziell am Dënndaarm. Am Mo fänkt d'Verdauung vun der Narung mat mechaneschen a cheemesche Prozesser un. Duerch Muskelkontraktioune gëtt d'Narung mat dem Mosaaft vermëscht, deen d'Proteinnen (Eewäisser) virverdaut.

Eng aner Funktioun vum Mo ass d'Späicherung. De Mo fungéiert als Reservoir fir déi opgehollen Narung, sou datt déi lues an den Dënndaarm kann iwwergoen, wou se weider verdaut an absorbéiert gëtt. Dëst kontrolléiert Fräisetze garantéiert eng gläichméisseg Versuergung vum Kierper mat Närstoffer.

Donieft dréit de staark sauere Milieu vum Mo dozou bäi, vill Bakterien a Krankheetserreeger dout ze maachen, déi an der opgehollener Narung present kënne sinn, an dréit esou zur Ofwier vum Kierper géint Infektioune bäi.

De Verdauungsprozess[änneren | Quelltext änneren]

D'Narung kënnt duerch d'Speiseröre an de Mo. Déi Plaz gëtt mat d'Muskelen, déi zur Speiseröre an dem Munnefell gehéieren, bal ëmmer zougehalen. Dat ass fir ze verhënneren, datt de Contenu vum Mo zeréck an den Oesophage fléisst. Beim Schlécken entspane sech déi Muskelen, soudatt de Moverschloss opgeet an d'Narung duerchléisst. Den ieweschten Deel vum Mo, de Fundus, ass meeschtens mat Loft gefëllt, déi beim Schlécke mat an de Mo kënnt.

Am gréissten Deel, dem Korpus, gëtt d'Narung kleng gemaach, mat sauerem Mosaaft an Enzymer vermëscht a virverdaut. Am ënneschten Deel gëtt de Mo erëm méi enk a geet an den Zwieleffangerdaarm iwwer, engem Deel vum Dënndaarm. Deen Ausgang vum Mo gëtt vun engem Schliissmuskel, dem Pylorus, wuertwiertlech de „Portier“ op Algriichesch, op- an zougemaach. De Pylorus geet op fir de Bräi, deen d'Narung elo ass, a klenge Portioune weiderzeginn.

Beim Mënsch dauert d'Verdauung am Mo, also de Wee vum Agank bis zum Ausgank vum Mo, am Schnëtt dräi Stonnen. Ofhängeg vum konsuméierten Iesse kann dat och méi séier goen oder méi laang daueren.

Stéierunge vum Mo[änneren | Quelltext änneren]

D'Gesondheet vum Mo kann duerch ënnerschiddlech Erkrankunge beanträchtegt ginn, zum Beispill duerch eng Gastritis, also enger Entzündung vun der Moschläimhaut, déi dacks duerch Infektiounen oder Reizstoffer ausgeléist gëtt. Moschwiere sinn oppe Wonnen, déi sech op der Moschläimhaut bilden, dacks opgrond vun enger bakterieller Infektioun oder duerch d'chronescht Anhuele vu bestëmmte Medikamenter. D'gastrooesophageal Refluxkrankheet (GERD) ass e chroneschen Zoustand, bei deem Mosaier an d'Speiseröre zeréckfléisst an de Soud provozéieren.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mo – Biller, Videoen oder Audiodateien