Op den Inhalt sprangen

Niewennier

Vu Wikipedia
En Diagram, dat d'Lag vun den Niewennieren (giel), den Nieren (moof) an der Blos (ënnen) am mënschleche Kierper weist.

D'Niewennieren (lat.: glandula adrenalis oder glandula suprarenalis) sinn zwou endokrinn Drüsen am Kierper vun de Mamendéieren, de Vullen, de Reptiller an den Amphibien. Si produzéieren eng Rei Hormoner, dorënner den Adrenalin an d'Steroiden Aldosteron a Cortisol. Si leie beim Mënsch iwwert den Nieren.[1]

D'Niewenniere vereenege funktionell zwee verschidden Organer. De baussenzege Deel ass d'Niewenniereschuel (cortex glandulae suprarenalis), déi Steroidhormoner wéi de Cortisol produzéiert an um Waasser-, Mineralstoff- a Zockerhaushalt bedeelegt ass. De bannenzegen Deel ass den Niewennieremuerch (medulla glandulae suprarenalis), deen zum sympatheschen Nervesystem zielt an déi sougenannt "Stresshormoner" Adrenalin an Noradrenalin produzéiert.

Wann d'Niewenniereschuel hyperaktiv ass, da produzéiert se zevill Kortisol. Dat Krankheetsbild heescht Morbus Cushing.[2]

Commons: Niewennieren – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. DockCheck Flexikon: Nebenniere
  2. internisten-im-netz.de: Nebenniere