Op den Inhalt sprangen

Boun

Vu Wikipedia
Opbau vun enger Boun.

Mat Boun si souwuel déi ronnelzeg, zum Deel längelzeg oder nirefërmeg Somkäre gemengt, wéi och d'Scheeke mat hirem Som dran (z. B. d'Gréng Bounen) an och d'Planz selwer, op där se wuessen, aus der Famill vun de Fabaceae.

Et gëtt eng ganz Rëtsch Gattungen an Aarte vu Planzen, déi all "Boune" genannt ginn, ma déi vun ënnerscheedleche Planzen hierkommen, Proprietéiten hunn a fir ënneschiddlech Zwecker ugebaut ginn.

A Mëtteleuropa sinn d'Scheeken (an de Som) vun de Grénge Bounen (Phaseolus vulgaris) déi geleefegst Aart.

Verschidde Bounenaarte musse gekacht ginn, ier ee se kann iessen, well eréischt dann d'Lektinner zerstéiert sinn, déi schiedlech fir d'Gesondheet sinn.

Bouneplanzen (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
6 Bounenzorten
Gréng Bounen
Gréng Boun um Stack

Bal all Planzen, déi "Boune" genannt ginn, gehéieren zu der Tribus vun de Phaseoleae bannent der Ënnerfamill vun de Faboideae.

Asien, Europa an Afrika

[änneren | Quelltext änneren]

Déi traditionell europäesch Boun ass

  • Vicia faba L., d'Gaardeboun, och Sauboun oder Dulles genannt (ass zu Lëtzebuerg Deel vum Plat Judd mat Gaardebounen);

Si gehéiert net zu der uewe genannter Tribus Phaseoleae, ma zu de Fabeae, zu där och d'Ierbes, d'Käicher an d'Lëns gehéieren.

Eng vun de wichtegsten Notzplanzen ass

Vill Aarten aus der Gattung vun de Vigna-Boune sinn an Asien oder Afrika doheem. Speziell ginn et:

  • Vigna aconitifolia (Jacq.) Maréchal,
  • Vigna angularis (Willd.) Ohwi & H.Ohashi,
  • Vigna mungo (L.) Hepper,
  • Vigna radiata (L.) R.Wilczek,
  • Vigna subterranea (L.) Verdc.,
  • Vigna umbellata (Thunb.) Ohwi & H.Ohashi,
  • Vigna unguiculata (L.) Walp.: Vun hir ginn dräi Ënneraarte benotzt:
    • Vigna unguiculata subsp. cylindrica (L.) Van Eselt.
    • Vigna unguiculata subsp. sesquipedalis (L.) Verdc.
    • Vigna unguiculata (L.) Walp. subsp. unguiculata
  • Vigna vexillata (L.) A. Rich.

An den Tropen ass wäit verbreet:

  • Cajanus cajan (L.) Millsp.,

Aus der

Vill bekannt Aarte kommen aus der Neier Welt.

  • Phaseolus vulgaris L., Gréng Boun
  • Phaseolus lunatus L.
  • Phaseolus acutifolius A. Gray
  • Phaseolus coccineus L.

An Europa an an Nordamerika gëtt am heefegsten d'gréng Boun gebraucht. Dozou zielen eng jett Zorten, deenen hir Somkäre verschidde Faarwen hunn, wéi déi wäiss Boun, déi rout Kidneyboun, d'Pintoboun, d'Wuechtelboun, an Zorten, déi mat der Scheek giess ginn, wéi d'Gréng Boun, d'Stäckelchersboun, asw. D'Gaardeboun (Vicia faba), virdrun déi heefegst europäesch Bounenaart, gëtt do dergéint manner giess.

  • Eng "Bounestaang" ass eng laang Staang (meeschtens de Stamm vun enger jonker Fiicht), déi een iwwer Kräiz am Gaart opstellt, fir datt d'Bouneplanzen derlaanscht eropwuesse kënnen, an am iwwerdroene Sënn och eng grouss, dënn Persoun;
  • Eng "Zockerboun" ass en eeleren Ausdrock fir eng Kamell.
  • Annual Report CIAT – Bean Program (Strategic Research and Regional Networks), CIAT, Palmira/Kolumbien, Dezember 1994
  • Sigmund Rehm, Handbuch der Landwirtschaft und Ernährung in den Entwicklungsländern, Bd. 4, Spezieller Pflanzenbau in den Tropen und Subtropen, Göttingen 1989
  • Current Topics in Breeding Common Beans, CIAT, Kolumbien, November 1988
  • White, J.W. 1981. A quantitative analysis of the growth and development of bean plants (Phaseolus vulgaris L.). PhD Thesis, University of California, Berkeley
Commons: Bounen – Biller, Videoen oder Audiodateien