Käicher
![]() Käicher: Habitus a Friichten | |
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
---|---|
Räich | Planzeräich |
Stamm | Cicereae |
Ofdeelung | Bléieplanzen |
Klass | Rosopsida |
Uerdnung | Fabales |
Famill | Fabaceae |
Ënnerfamill | Faboideae |
Gattung | Käicheren (Cicer) |
Aart | Käicher |
Wëssenschaftlechen Numm | |
Cicer arietinum | |
„L.“ |
De Käicher (Cicer arietinum) ass eng Planzenaart aus der Gattung Käicheren (Cicer) an der Ënnerfamill Faboideae bannent der Famill vun den Scheekefriichten (Fabaceae). Trotz hirem däitschen oder franséischen Numm (Kichererbse, resp. pois chiche) ass se net weider Famill mat der Ierbes (Pisum sativum).
Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]
De Käicher ass eng eejäreg krauteg Planz, déi bis zu 1 Meter héich gëtt. D'Bléie kënne purpurrout, mof, violett oder wäiss sinn a ginn 10 bis 12 mm grouss.
An de ronn 3 cm grousse Scheeken, déi sech draus entwéckelen, si gewéinlech 2 onreegelméisseg geformte Somen déi däischter beige bis schwaarz sinn. Dës kënne giess ginn.
Verbreedung[änneren | Quelltext änneren]
A Klengasien gouf de Käicher scho virun 8000 Joer ugebaut, a gouf vun do am ganze Mëttelmierraum a bis an Indien verbreet. Méi spéit ass en duerch d'Réimer och nërdlech vun den Alpen agefouert ginn.
An der Kichen[änneren | Quelltext änneren]
De gedréchente Som vum Käicher gëtt am Waasser opgeweecht an da gekacht. Duerno komme s'entweder a Plate wéi Couscous, Tajine oder Cocido Madrilleno. Se kënnen awer och püréiert ginn - dat gëtt dann Houmous genannt - oder graff gemuelen, als Falafel (frittéiert kleng Bullen) verschafft ginn. De Som kann awer och einfach geréischtert gi wéi Nëss, oder zu Miel gemuelen an da gebak.
Weltproduktioun[änneren | Quelltext änneren]
Indien ass haut den Haaptliwwerant vu Käicheren, duerno kënnt Pakistan an d'Tierkei.
Land | Produktioun (Tonnen/Joer) |
Informatioun |
---|---|---|
![]() |
5 970 000 | |
![]() |
842 000 | |
![]() |
523 000 | |
![]() |
313 000 | |
![]() |
310 000 | Geschat |
![]() |
225 000 | Geschat |
![]() |
215 000 | |
![]() |
190 000 | Geschat |
![]() |
165 000 | Geschat |
![]() |
85 000 | Geschat |
Welt | ≈ 9 000 000 |
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Juni 2008, Quell: Food And Agricultural Organization of United Nations: Economic And Social Department: The Statistical Division
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Cicer arietinum – Biller, Videoen oder Audiodateien |