Scheekefriichten
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Fabaceae)
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
---|---|
Räich | Planzeräich |
Ofdeelung | Bléieplanzen |
Klass | Rosopsida |
Ënnerklass | Rosidae |
Uerdnung | Fabales |
Famill | Scheekefriichten |
Wëssenschaftlechen Numm | |
Fabaceae | |
Lindl. | |
Caesalpinioideae Mimosoideae Faboideae |
D'Scheekefriichten (och: Fabaceae oder Leguminosen) sinn eng Famill vun de Bléieplanzen.
Si hunn hiren Numm vun der "Scheekefruucht", engem Fruuchttyp deen an allen Ënnerfamillen an nëmmen do virkënnt. Wa sou eng Scheekefruucht zeideg ass, da geet se meeschtens un der Bauch- a Réckennout op. Bei verschiddene Mimosoideae kënnen och e puer Friichten zu enger Sammelfruucht vereent sinn.
Bekannt Beispiller aus där Famill sinn d'Bounen, d'Ierbessen, d'Lënsen, mee och d'Kakuetten.
Systematik
[änneren | Quelltext änneren]Vun de Gattunge steet hei just eng Auswiel.
- Famill Scheekefriichten
- Ënnerfamill Caesalpinioideae
- Ënnerfamill Mimosoideae
- Ënnerfamill Faboideae
- Gattung Aspalathus mat der Aart Rooibos (A. linearis)
- Gattung Clianthus mat der Aart Clianthus formosus
- Gattung Phaseolus mat der Aart Gaardeboun (P. vulgaris)
- Gattung Glycyrrhiza mat der Aart Séissholz (G. glabra)
- Gattung Glycine mat der Aart Sojaspross (Glycine max)
- Gattung Ierbessen (Pisum)
- Gattung Kléi (Trifolium)
- Gattung Äerdnëss (Arachis) mat der Aart Kakuett
- Gattung Käicher (Cicer) mat der Aart Käicher (C. arietinum)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Scheekefriichten – Biller, Videoen oder Audiodateien |