Rooibos
|
Rooibos-Téi | |
| Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
|---|---|
| Räich | Planzeräich |
| Ofdeelung | Bléieplanzen |
| Klass | Rosopsida |
| Uerdnung | Fabales |
| Famill | Scheekefriichten |
| Gattung | Aspalathus |
| Aart | Rooibos |
| Wëssenschaftlechen Numm | |
| ''Aspalathus linearis'' | |
| „Linnaeus.“ | |
|
| |
Rooibos (Aspalathus linearis) ass eng Planz aus Südafrika, déi zu de Scheekefriichte (Fabaceae) gehéiert. Zanter uganks der 1990er-Joren ass se als Friichtentéi-Planz beléift ginn. Rooibos wiisst nëmmen an den Cedar-Bierger am Südweste vu Südafrika.
Kennzeechen
[änneren | Quelltext änneren]Rooitrauschtéi besteet aus de fermentéierten an gedréchenten Blieder a Stiler vum Aspalathus linearis Et ass en Opgossgedrénks, enthält awer keen Teein an och wesentlech manner Gierfstoffer wéi de Schwaarzen Téi.
Gebrauch
[änneren | Quelltext änneren]Dacks gëtt den Téi och verkaaft als "Roudtrauschtéi" oder "Rooitrausch". Den Numm Rooibos staamt aus dem Afrikaans a bedeit rouden Trausch. Am Handel sinn hautdesdaags villerlee natierlech oder kënschtlech aromatiséiert Zorten ze fannen, wéi Rooibos-Vanill-Téi oder Rooibos-Orange-Téi.
Anescht wéi am schwaarzen oder am gréngen Téi ass am Rooibostéi kee Koffein a wéineg Gierfstoffer, soudatt et net zu Schlofproblemer wéinst dem Téi komme kann.

Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Aspalathus linearis – Biller, Videoen oder Audiodateien |
