Op den Inhalt sprangen

Homosexualitéit

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Homosexuell)
Eng homosexuel Koppel aus dem Film DodgeBall: A True Underdog Story
Jonk chineesesch Männer, beim erotesche Spill Pabeierrullo vu Peking, spéit 19. Jh.

Homosexualitéit (och nach Homophilie) bezeechent eng sexuell Orientéierung, Romantik a sexuell Begier, empfonnt vum selwechte Geschlecht. Homosexuell Frae gi Lesben, homosexuell Männer Lénkser oder Schwuler genannt. D'Adjektiv homosexuell gëtt och fir sexuell Handlunge vu Mënsche vum selwechte Geschlecht gebraucht, déi net schwul oder lesbesch sinn (Bisexualitéit).

De Begrëff Homosexualitéit

[änneren | Quelltext änneren]

De Begrëff Homosexualitéit ass eng hybrid Wuertneibildung aus dem 19. Joerhonnert, geprägt vum Schrëftsteller Karl Maria Kertbeny aus dem griich. ὅμοιος (homoios) = gläich, gläichaarteg + lat. sexus = dat männlecht an dat weiblecht Geschlecht.

Heefegkeet vun Homosexualitéit

[änneren | Quelltext änneren]

D'Homosexualitéit war an ass zum Deel a ville Kulturen en Tabuthema. Schätzungen iwwer d'Heefegkeet vun der Homosexualitéit variéiere dowéinst staark, an och ënnerschiddlech Definitioune vun Homosexualitéit maachen d'Auswäertung an d'Analys vun de Schätzungen ëmmer méi komplizéiert. Et ass wéinst dem Verheemleche vun der Homosexualitéit an de soziale Schwiergkeete beim Coming out éischter dovun auszegoen, datt d'Statistiken no ënnen an net no uewe verfälscht sinn. Esou sti bei Ëmfroe 1 – 9,6% dozou, datt se schwul oder lesbesch sinn oder gewëssen där Neigungen hunn.

Dem Kinsey-Report vun 1948 no wiere 4 % vun der Bevëlkerung tatsächlech ausschliisslech homosexuell, 46 % hätte virun allem an der Pubertéit op d'mannst eng Kéier bei deem Sujet gezéckt sief et duerch psychesch einfach erotesch Reaktioun op dat selwecht Geschlecht bis hin zu engem effektive physeschen homosexuellen Erliefnes, a 50 % vun der Bevëlkerung wieren hiert ganzt Liewe laang psychesch a physesch ouni geréngsten Zweiwel ausschliisslech heterosexuell. Dat deckt sech och ongeféier mat aktuellen US-amerikanesche Studien, no deenen 2009 an der Moyenne 3,6 % vun de Männer net-heterosexuell sinn (2,2 % schwul) an 3,3 % vun de Fraen net-heterosexuell (1,1 % lesbesch), oder och mat enger däitscher Emnid-Ëmfro aus dem Joer 2000, bei där sech 4,1 % vun de Männer als net-heterosexuell bezeechent hunn (1,3 % schwul) an 3,1 % vun de Fraen als net-heterosexuell (0,6 % lesbesch). Wat zécken tëscht hetero- an homosexuell ugeet, sou hänkt e groussen Deel dovun och vu gesellschaftlechen a kulturelle Kaderbedingungen of: aus enger Etüd vun 1970 vum Hamburger Institut für Sexualforschung geet ervir, datt all Fënnefte vun de 16- a 17-järege Jongen ugëtt, gläichgeschlechtlech sexuell Erfarunge gemaach ze hunn, 20 Joer méi spéit waren et der angeblech just nach 2 %, an 1997 bei enger Bravo-Ëmfro sinn et nees 25 % vun all de Jongen tëscht 14 a 17 Joer déi op d'mannst eng schwul Erfarunge gemaach hunn.

Schattéierungen tëscht Hetero an Homo

[änneren | Quelltext änneren]

Eng vu ville Sexologen, ënner anerem och vum Sigmund Freud vertrueden Theorie seet, datt et verschidde Graduatiounen tëscht Hetero- an Homosexualitéit gëtt. De Freud huet an deem Kontext vun der "ugebuerener Bisexualitéit" vum Mënsch geschwat. Reng Homosexualitéit huet en "als Ofwäichung vun de sexuelle Funktiounen, ervirgeruff duerch eng gewësse Stockung vun der sexueller Entwécklung" bezeechent, a reng Heterosexualitéit als "Aschränkung vun der Objetswiel". Psychoanalysen hunn erginn, datt och sougenannten "normal" Heterosexueller kënnen eng ënnerdréckt onbewosst Homosexualitéit a sech hunn.

En anere Aspekt ass d'situativ Homosexualitéit vu Persounen, déi u sech guer keng homosexuell an na net emol eng bisexuell Orientéirung hunn, a bei deenen eng gläichgeschlechtlech Aktivitéit ni passéiert wier wa sech déi Mënschen net an enger ongewéinlecher Situatioun erëmfonnt hätten. Sougenannte Pseudohomosexualitéit kënnt virun allem an Environnementer vir, an deenen iwwer länger Zäit nëmme Persoune vum selwechte Geschlecht liewen, wéi a Prisongen, U-Booter, Kasären, Kléischter, Internater. En anert Standardbeispill fënnt een dacks an der homosexueller Prostitutioun. Awer déi meescht Individuen hunn och bei laangem Entbiere vun heterosexuellem Kontakt ni eng gläichgeschlechtlech Aktivitéit, grad wéi och vill Homosexueller keng heterosexuell Aktivitéit ufänken och wann d'Homosexualitéit repressiv behandelt gëtt. Grondsätzlech geet d'Psychoanalys dervun aus, datt duerch experimentell oder Nout-Handlungen déi net der sexueller Orientéirung entspriechen, déi festgeluechten Orientéirung net beaflosst gëtt.

Op Lëtzebuergesch gëtt fir e homosexuelle Mann entweeder "e Schwulen" oder "e Lénkse" gesot, mä et gëtt keng Fuerschung, déi weist watfir e Wuert vu wiem benotzt gëtt. Eng homosexuell Fra bezeechent sech als "Lesb". Dat Deutsch-luxemburgisches Wörterbuch gëtt bei "Lesbe" d'Wuert "Lesbienne" un.

De "Coming Out" ass den Evenement, wou eng Persoun aner Leit matdeelt, datt hien oder hatt homosexuell oder bisexuell ass. Dës gëtt och nach als "sech outen" bezeechent. De Coming Out ass keen einfache Prozess, well Leit Angscht hunn, z. B. net acceptéiert ze ginn.

Homosexualitéit zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]
00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

Obwuel et zu Lëtzebuerg eng kleng Schwulen- a Lesbecommunautéit gëtt, ass d'ëffentlech Unerkennung vu gläichgeschlechtlecher Léift wäit ënner dem Niveau vun den Nopeschlänner. D'Positioun vun der Regierung ass vum chrëschtleche Welt- a Familljebild beaflosst. Der EOS Gallup 2003 Ëmfro no géif dat Weltbild awer net der Stëmmung an der Bevëlkerung entspriechen, där hir positiv Astellung vis-à-vis vun Homosexuellen iwwer dem europäeschen Niveau leie géif.

Eemol am Joer organiséiert Rosa Lëtzebuerg A.s.b.l. ee Schwulen- a Lesbefest op der Plëss d'Arem an der Stad Lëtzebuerg. Dësen Event mam Numm Gay mat gouf 1999 fir d'éischt organiséiert. 2007 goung dëst Fest an der 9. Editioun fir d'éischt an engem Cortège bei der Kathedral Notre Dame de Luxembourg fort.

Commons: Homosexualitéit – Biller, Videoen oder Audiodateien