Pornographie

Vu Wikipedia
Filmset vun engem pornographesche Film

Pornographie (v. gr.: πορνογραφία, zesummegesat aus πόρνη (pórne) - "Prostituéiert" a γραφειν (graphein) - "schreiwen, zeechnen") ass déi explizit Duerstellung vum plakege mënschleche Kierper oder sexuellen Aktivitéite mam Zil de Konsument sexuell z'erregen. Dat kann op ganz verschidden Aart a Weis geschéien, wéi Loschtgekëmms, geschwaten oder geschriwwenen Text, Skulpturen, Zeechnungen, Liveoptrëtter, Fotoen oder Filmer.

D'Pornographie ënnerscheet sech vun der Erotik doduerch, datt se net versicht eppes ze verstoppen a sou d'Fantasie unzereegen, mä einfach op de renge Sexualdriff ofziilt. Wéi explizit eng Duerstellung muss si, fir an d'Kategorie vum Pornographeschen ze falen, hänkt awer vun de Moralvirstellunge vum Betruechter of, fir vill Mohammedaner geet schonn eng Fra ouni Burka duer, fir FKK-Adepten ass et héchstens de sexuellen Akt selwer.

An deene meeschte Länner ass d'Verëffentlechung vu pornographesche Wierker streng reglementéiert a riicht sech dacks no Kritere wéi engem Mindestalter, der Lokalisatioun an der Acessibilitéit vun de Plazen oder der Schwell vun deem wat duergestallt ka ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pornographie – Biller, Videoen oder Audiodateien


Sexologie

Agdistis - Amourohilie - Androgyn - Geschlechtsorganer bei der Fra - Geschlechtsorganer beim Mann - Hermaphroditos - Heteromorphie - Heterosexualitéit - Homosexualitéit - Libido - Masturbatioun - Narzissmus - Phenotyp - Pornographie - Salmakis - Sex - Sexualitéit - Sexualpedagogie - Transgender - Zwitter