Phenotyp

Vu Wikipedia
Zur Navigation springen Zur Suche springen

Phenotyp(us) (ofgeleet vum Griichesche phainomena = dat wat ee gesäit), fir Bild, Ausgesinn, oder Prägung) ass de Begrëff fir ugebuer an ugeléiert baussenzeg a bannenzeg Kennzeechen an Eegenschafte beim Mënsch an Déier.

E Phenotyp ass am Géigesaz zum Genotyp - dem sougenannten Ierf- an Ulagentyp - d'integral Duerstellung, d'Zomm vun alle Kennzeechen (Phenen) vun engem Individuum mat senge physiologeschen, morphologesch-anatomeschen a funktionellen Eegenschaften. De Phenotyp gëtt vum Genotyp am Zesummewierke mat e sëlleche kulturellen a sozialen Ëmweltaflëss markéiert. D'Markéierung vum Phenotyp weist sech herno unhand vun der Morphologie an der Expressivitéit vum Individuum.

Eng Etüd iwwer Embryone vum Leonardo da Vinci

Phenokopie, Phenogenese[änneren | Quelltext änneren]

Duerch exogen Fakteure kann et am Zesummespill mat spezifeschen Ierfulagen bei engem Genotyp (z. B. en Embryo) zu Nobildunge vu Manifestatiounsmusteren (Phenokopie) vun engem anere Genotyp kommen, d. h., datt während der sensibler Phase vun der Schwangerschaft, der sougenannter Phenogenese vum Embryo, Entwécklungsstéierunge vu verschiddenen Organer optriede kënnen, déi eng méi oder wéineger grouss Verännerung vum urspéngleche Genotyp bewierken.

D'Awierkung vun sou Phenokopië weise sech beispillsweis bei intersexuelle Mënschen, déi mat entweder duebele bannenzegen oder baussenzegen, mat entstallten oder ënnerentwéckelte Genitalorganer op d'Welt kommen. Ursaache fir sou Phenokopien an der kritescher Phase vun der Schwangerschaft sinn ë. a. Infektioune wéi d'Riedelen, eng staark Stralenexpositioun oder a priori Konsequenzen aus der chromosomaler Konstellatioun an/oder der gonadaler Weiderentwécklung. D'Phene vum gebuerene Kand bleiwe genetesch op hatt beschränkt. Si sinn net ierflech.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]