Op den Inhalt sprangen

Luxembourg Pride

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Gay mat)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Offizielle Logo mat Motto fir d'Ausgab vun 2012
Offizielle Logo mat Motto fir d'Ausgab vun 2013
Den Ofschlossdag vum Gaymat-Festival am Joer 2011

Luxembourg Pride, bis 2018 Gaymat, oder virdrun och Gay mat geschriwwen, ass e soziokulturelle Festival, deen zanter 1999 eemol d'Joer vun der Asbl Rosa Lëtzebuerg organiséiert gëtt. De Festival, deem säi Programm sech mëttlerweil iwwer eng ganz Woch erstreckt an aus Filmvirféierungen a Konferenze besteet, schléisst mat enger Rei Concerten a Büneshowen um zweete Samschdeg am Juli offiziell of.

Ufanks sollt Gaymat d'Gesellschaft op d'Problemer vun der lesbescher, lénkser, bisexueller an transgender Communautéit opmierksam maachen, haut ass et e Festival géint all Aart vun Diskriminatioun.

Wéinst der Covid Pandemie gouf d'Pride 2020 zu Esch annuléiert an et gouf eng an digitaler Versioun gemaach.

Aus Gaymat gëtt Luxembourg Pride

[änneren | Quelltext änneren]

D'Organisateure vum Queer-Festival hunn 2019 beschloss, den Numm vun der Veranstaltung z'änneren, absënns well déi vill auslännesch Visiteuren net verstinn fir wat d'Wuertspill „gaymat“ ((en) „gay (lénks) + (lb) „mat”, also géi mat) eigentlech steet[1].

Dëst Kapitel muss iwwerschafft ginn. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, datt den Opbau net der Wikiformatéierung entsprécht oder datt den Inhalt net ganz korrekt ass oder net explizit genuch ass, sou wéi en den Ament do steet.

D'Pride Week geet zanter e puer Joer mat enger Commemoratiounszeremonie beim Musée de la Resistance lass. Déi Zeremonie besteet aus Riede vum President oder Presidentin vu Rosa Lëtzebuerg, Vertrieder vun der Escher Gemeng an och aneren Politiker.

Aner Evenementer an dëser Woch fannen och all zu Esch statt, dozou gehéieren eng Queer Movie Night an Diskussiounen, déi an der Kulturfabrik stattfannen. Des Weidere gëtt et och Ausstellungen an der Escher Gemeng an/oder am Escher Theater.

Reckbléck op de GayMat

[änneren | Quelltext änneren]
JoerMottoPlaz
1999Homologation des droitsLëtzebuerg
2000Liberté, Égalité, DiversitéLëtzebuerg
2001Lénks leie geloss?Lëtzebuerg
2002TrOUT IechLëtzebuerg
2003Verliebt-Verpartnert-VerheiratetLëtzebuerg
2004GayMat wielenLëtzebuerg
2005GayMat weiderLëtzebuerg
2006GayMat onsLëtzebuerg
2007HomokulturelLëtzebuerg
2009GayMat "...och fir eis!"Lëtzebuerg
2010GayMat op EschEsch-Uelzecht
2011GayMat op Esch - reloadedEsch-Uelzecht
2012GayMat bis un d'ZielEsch-Uelzecht
2013GayMat, eng Famill fir eis all!Esch-Uelzecht
2014GayMat, Diversity meets EducationEsch-Uelzecht
2015GayMat, 4 #Human RightsEsch-Uelzecht
2017 GayMat „Stand Together“[2] Esch-Uelzecht
2018 GayMat "Open your Mind" Esch-Uelzecht
2019 Luxembourg Pride: "don't hide, be Pride!" Esch-Uelzecht
2020 Du bass net alleng Esch-Uelzecht
2021 Out & Loud ! Esch-Uelzecht
2022 Remix Diversity Esch-Uelzecht
2023 Speak out, vote proud(ly) Esch-Uelzecht
2024 Together in Unity, Proud in Diversity Esch-Uelzecht
2025 Stand united against the Backlash Esch-Uelzecht

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Aus Gaymat wird „Luxembourg Pride“: Wieso die Veranstaltung den Namen ändert, op tageblatt.lu den 20. Mäerz 2019
  2. GayMat: Zesumme si mer méi staark, Moien.lu, 10. Juli 2017