Diskussioun:Homosexualitéit

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Een kriddelegt Thema, ech weess. Dofier iwwerhuelen ech och nees vill aus der däitscher Wikipedia, sou bleiwen ech hoffentlech gréisstendeels Neutral. --Maranello M 19:52, 5 Mäerz 2007 (UTC)

Wees net ob déi Thematik wierklech eppes mat biologie soll zedinn hunn ? Ass éischter sozialer Natur ? --Maranello M 13:23, 7 Mäerz 2007 (UTC)
Gudde Mëtteg. Lee däi Kapp a Rou domat. Wann den Artikel bis "komplett" ass, verschwënnt déi Spéngel souwisou. --Cornischong 13:33, 7 Mäerz 2007 (UTC)

Geht jo elo net nemmen em Spéngel, mais em Catégorie... nee ? --Maranello M 13:05, 9 Mäerz 2007 (UTC)

Gudde Mëtteg. Wat schléis de da vu "Category" vir? An der däitsproocheger Wiki huet den Artikel "Homosexualität" eng eege Kategorie, nämlech "Homosexualität". Dat wier dach eng gutt Léisung fir hei, mengs de net? --Cornischong 13:20, 9 Mäerz 2007 (UTC)

Ech geing et super fannen, dann keint een den ganzen Portal méih Ausbauen ... Soss nach een eng Iddi ? (Den Weekend hun ech rem Zeit, dann schreiwen ech den Artikel faerdeg.) --Maranello M 15:58, 14 Mäerz 2007 (UTC)

An der daitscher hun se och flott Grafike, op daitscher Sproch, kann ech déi awer hei anbannen ? --Maranello M 16:07, 14 Mäerz 2007 (UTC)

"Eng vu ville Sexologen vertrueden Theorie seet ...." Dat sinn déi Sätz, déi ech net gär hunn. Wa vu ville Sexologe Rieds geet, da mussen Nimm (vun de Sexologen an de Publikatiounen!!) genannt ginn, soss bleift dat Ganzt an der Loft hänken. --Cornischong 11:33, 29 Abrëll 2007 (UTC)

"Bei Ëmfroen stinn 1 – 10 % dozou, dass se schwul oder lesbesch sinn." Dat Thema huet eppes besseres verdéngt wéi iergenwelleg Behaaptungen, déi kee Mënsch nopréife kann. Watfir Ëmfroe si gemengt. Zu Lëtezbeurg oder a Pingonesien? Wien huet déi bezuelt? Wéivill Leit si gefrot ginn? Wou kann een dat noliesen? a.s.w. --Cornischong 13:53, 29 Abrëll 2007 (UTC)

"Rezent Emfroen hu gewisen " Et geet anscheinend weider mat deene Bahaaptungen. Kann net emol een hei schreiwen ëm wat fir Ëmfroen et iwwerhaapt geet. --Cornischong 09:26, 6 Mee 2007 (UTC)

Re: Cornischong. Wann ech nach gudd weist wei een en Link oder besser eng Referenz hei geing kréeiren geing ech se derbei setzen. Hei ass de Site: http://www.france.qrd.org/texts/partnership/eosgallup2003.pdf

Ma dat war et scho bal:
  • EOS Gallup Europe-Ëmfro (tëscht der Adress selwer an der Erklärung léisst de 1 fräi Plaz). Ënnen an den Artikel setzen mat der "Iwwerschrëft" Um Spaweck. (Ech setzen dat emol dran). Wann s de nach eng Fro hues, da looss se roueg kommen. --Cornischong 15:24, 7 Mee 2007 (UTC)
Meckerheini ;) den Artikel ass aus der daitcher iwwersaat, also geih dech bei dei beschweieren. Et ass een Thema wéi een aanert och, wisou sollt et eppes besseres verdingt hun ? Also hätt naischt dergeint wann der nach sou denken geifen, ech perseinlech sin net sou egozentrech ;) Hun Zuelen iwwregsn vun Rosa Letzebuerg bestätegt kritt, sie kucken fir awer genaueres un Statistiken mir zoukommen ze lossen--Maranello M 14:42, 8 Mee 2007 (UTC)
Gudde Moien:
Och wann et aus der däitscher Wiki iwwersat ass, muss net alles wat net beluecht ass ofgeknäipt ginn. Mer hate schonns dacks Artikelen an aner Wikien déi einfach iwwersat goufen a wou mer dann duerno Dommheeten dra stoen haten. Auslännesch Wikien solle fir ons nëmmen e Sprangbriet sinn. E bësselche misst ee selwer awer vu sech aus op den Dësch bréngen. Les Meloures 16:19, 8 Mee 2007 (UTC)

Äntwert vum Meckerheini[Quelltext änneren]

Wann s de mengs, mer missten hei eng aner Tounlag ufänken: Wann an der däitschsproocheger Wikipedia Sätz wéi "Viele Sexologen vertreten die Ansicht, dass fast jeder Mensch bisexuelle Anteile besitzt, die manchmal mehr, manchmal weniger stark ausgeprägt sind." stinn, dann ass dat hire Business. Wann s du dat heihin importéiers, da stees du dofir gerued, an net d'de-Wiki. Wann déi net fäeg sinn d'Nimm vun deene Sexologen ze nennen, déi dat solle behaapt hunn, da nenn du se, oder looss dat Behaaptels eraus. Also: Wanns de hei Leit zitéiers, da nenn den Numm an d'Quell. An extra fir dech erklären ech nach mäi Saz vum "Besseres verdéngt": Dat Thema ass vill ze wichteg, datt hei ee mat Spréchelcher hauséiere geet, fir déi hien iwwerhaapt keng Quell kann uginn. Ech hoffen, mer ginn net nach gefiddert mat Sätz (aus der de-Wiki) wéi: "die Fußballzeitschrift Rund ging im Rahmen einer Themenwoche sogar davon aus, dass mindestens drei schwule Teams in den Bundesligen spielen müssten" : "Ging sogar davon aus", dat sinn déi Sätz, déi sou Meckerheinie wéi ech guer net gär hunn, well et "Geschwurbels" ass, dat ee sech ënner de Fangerneel erausgekratzt huet, an dat vun deenen, déi mol sollte hire Freud, Hirschfeld, Giese, Schorsch, Sigusch, Dannecker a Schmidt solle liesen ier se sech un dat Thema ginn. Gréiss mer de Freud, wann s den e gesäiss. De Meckerheini --Cornischong 16:24, 8 Mee 2007 (UTC)


Et ass eng weit verbreten Meenung, ennert aanerem och (oder ursprünglech) vum Freud, den ech dann elo och als Beispiel dobei gesaat hun... Nö, well Gesinn eigentlech keen Zusummenhang zwecht Sport an Homosexualitéit. An Léit die den Artikel hallef geliess hun, wessen weiviel Léit an der Fussballmanschaft sin, kennen sech et jo ausrechnen ... Wisou een fir een allgemengen Artikel sou an den Detail muss goen, waat liesen immens drechen mecht, verstinn ech trotzdem net, mais waert mir dann an Zukunft meih gin. Obwuel et zu Lëtzebuerg eng kleng Schwulen- a Lesben-Kommunotéit gett - Kann do een no weisen dass se proportinnell mei Kleng ass wei an aaneren Länner? Fir Letzebuerg fannen ech se zimmlech grouss ... --Maranello M 10:09, 12 Mee 2007 (UTC)

"Psychoanalysen hun erginn ....": Watfir Psychoanalysen hu wéini eppes erginn, a wou ass dat ze fannen?? Et geet anscheinend lëschteg weider mat deenen anonyme Behaaptungen. De Siegmund Freud (sic!) gëtt direkt zitéiert mat "„ugebuerener Bisexualitéit“. Ass et wierklech net méiglech mol unzeginn a watfir engem Text vum Sigmund Freud dat steet? --Cornischong 08:30, 13 Mee 2007 (UTC)

Hun geduert als Schwulen, hätt ech genuch Erfarung fir een Artikel iwwer Homosexualitéit ron ze brengen, et hätt och sollten een ganz normalen, einfach ze verstoenen Artikel gin. Mais lossen dann léiwer Léit weider schreiwen die studeiert hun, ech fannen et einfach bessi iwwerdriwwen fir eng Wiki, waat dir hei verlaangt. Et geht drems, Dass jidereen dat schreift waat hien wees, an daat dann verfollstennegt geht, wann ech den Artikel weider schreiwen wie et verlaangt geht kreine ch nach een Dr.-Titel dofier. - Wenden mech dann léiwer nees mengen Beschëff an Pëepst zou. Hun geduert wier besser dat ze schreiwen waat een wees, wie sou eng eidel Wiki, mais wann dir daat aanecht gesidd, muss ech mech jo fügen. --Maranello M 19:51, 18 Mee 2007 (UTC)

Vocabulaire[Quelltext änneren]

Wéi soen d'Männer a Fraen wann se homosexuell sinn? Seet ee "lénks" oder "schwul" zu Lëtzebuerg? Ginn et do Ennerscheeder? An d'Fraen? "Lesben", ass dat ok? Vläicht kéint een och eppes doriwwer schreiwen, watreng Wierder mer hunn, wéi d'Communinautéit sech identifizéiert! Perséinlech sinn ech 26 Joer al an ech bezeechne mech an aner Männer als "lénks". "Schwul" kléngt mer ze krass an erënnert mech un déi Zäit, wou ech gebullied gi sinn (was bullied)... (vum . 213.143.18.23)

Gudden Owend. "kéint een och eppes doriwwer schreiwen ..". De System vun der Wikipedia leeft jo dorops eraus, datt jiddereen deen Zäit a Loscht huet draschreiwe kann. Deen "een" kéins de selwer sinn. --Cornischong 20:13, 19 September 2007 (UTC)
Wann ech d'Erlaabniss vum Admin kreien, dass ech eppes doriwwer schreiwen kann, ouni genau Quellen mussen unzeginn (einfach no mengem Wessen den ech als Matarbeschter vum "Centre Information gay et lesbien" hunn, machen ech dat gaeren, an schreiwen och dann hei un dem Artikel weider! Déi Leit dei dann genauer Informatiounen hunn, kennen dei dat beiediteieren!? Ass dat oki ? --Maranello M 10:58, 6 Oktober 2007 (UTC)
Gudde Owend. Hei muss keen eng Erlabnes vun engem oder méi Admine kréien, fir eppes derbäi ze schreiwen. Déi Saach mat de Quellen ass ganz einfach a ganz logesch: Et geet domat wéi mat aneren Artikelen och. Et muss nozevollzéie sinn, wat do steet. ok? --Cornischong 17:20, 6 Oktober 2007 (UTC)