UNESCO-Gediechtnes vun der Welt

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'UNESCO-Gediechtnes vun der Welt (MEMORY OF THE WORLD) ass e Programm, deen 1992 vun der UNESCO an d'Liewe geruff ginn ass. An deem Programm geet et drëm, Dokumenter, déi an Archiven, Bibliothéiken, Muséeën oder anere kulturellen Institutioune leien, ze sécheren an se der Mënschheet zougänglech ze maachen. Et soll e Regëster vun alle wichtege Manuskripter, Partituren, Bild-, Toun- a Filmdokumenter ginn.

Bis 2005 sinn 120 Dokumenter vun allen Zorten opgelëscht.

Lëtzebuerg ass an där Lëscht mat der Fotosausstellung The Family of Man vertrueden.

Albanien[änneren | Quelltext änneren]

  • 2005: De Codex Purpureus Beratinus mat zwéin Evangelien (Matthäus a Markus) ass am Nationale Staatsarchiv (Nr. 1) zu Tirana.

Argentinien[änneren | Quelltext änneren]

Armenien[änneren | Quelltext änneren]

Australien[änneren | Quelltext änneren]

Belsch[änneren | Quelltext änneren]

Däitschland[änneren | Quelltext änneren]

Däitschland an USA[änneren | Quelltext änneren]

Éisträich[änneren | Quelltext änneren]

Finnland[änneren | Quelltext änneren]

Korea[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Russland[änneren | Quelltext änneren]

  • 1997: D'Evangelium vun Archangelsk vun 1092, Russesch Staatsbibliothéik, Moskau
  • 1997: D'Evangelium vu Khitrovo, Russesch Staatsbibliothéik, Moskau
  • 1997: Slawesch Verëffentlechungen a kyrillescher Schrëft aus dem 15. Joerhonnert, Russesch Staatsbibliothéik, Moskau
  • 1997: Zeitungssammlungen, Russesch Staatsbibliothéik, Moskau
  • 1997: Landkaarte vum Russesche Räich a senge Landesdeeler aus dem 18. Joerhonnert, Russesch Staatsbibliothéik, Moskau
  • 1997: Russesch Plakater vum Enn vum 19. an dem Ufank vum 20. Joerhonnert, Russesch Staatsbibliothéik, Moskau
  • 2001: D'historesch Sammlunge vum St. Petersburger Tounarchiv (1889-1955), Institut fir Russesch Literatur a Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, St. Petersburg

Uruguay[änneren | Quelltext änneren]