Fändel vun Island

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Islännesche Fändel)
Fändel vun Island / Säiteverhältnes 18:25

De Fändel vun Island weist zanter dem 19. Juni 1915 e rout-wäisst Kräiz op donkelbloem Fong.

Den donkelbloe Fong stellt de bloen Himmel iwwer Island duer. Dat rout Kräiz stellt d'Feier duer (vulkanesch Aktivitéit vun der Insel) an dat wäisst Kräiz stellt d'Äis duer. D'Form vum Kräiz ass e Skandinawescht Kräiz a soll d'Verbonnenheet mat Skandinavien. D'Kräiz geet op all Säit mat sengen Enner bis op de Bord vum Fändel. D'Breet vum Wäisse Kräiz ass zwéin Néngtel vun der Längt an der Breet, an déi vum roude Kräiz ee Néngtel. Déi blo Fläche si Véierecker. Dovu sinn déi Lénk quadratesch, an déi Riets duebel sou breet wéi héich. De Rapport vum ganze Fändel ass 18:25.