Diskussioun:Schengener Ofkommes

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Merci Cornichong fir déi flott 'Récolte' vun dengem Ausfluch an de Südoste vum Land. Ech hu misse schmunzen, wéi ech dat Schëld 'Betriede verbueden' hannert dem Monument gesinn hunn. Zoufall oder e klenge subversive Säitekick un d'europäesch Migratiounspolitik vum Fotograf? ;-)

--Zinneke 16:10, 29 Mäe 2005 (UTC)

Echhat elo schonns op der "falscher" Säit g'äntwert. Hätt et kënne keen Zoufall sinn? Op beede Säite vum Monument stinn op nach Rettungsreefer, natierlech nëmmen zoufälleg, versteet sech. Déi hält de Fotograf nach fir spéider .... --Cornischong 16:21, 29 Mäe 2005 (UTC)

Den Zesummenhank[Quelltext änneren]

"Groussbritannien (an dowéinst och Irland) maachen awer bis op weideres net mat.

Ech verstinn den Zesummenhank do net. Watereen Irland ass gemengt? Wann d'Republik gemengt ass, ass déi esou vun England beaflosst oder mat wat huet den dowéinst ze dinn?

Les Meloures 21:01, 27. Mee 2010 (UTC)[äntweren]

Moien,
effektiv misst et "Vereenegt Kinnekräich" heeschen: nämlech dat vu "Groussbritannien an Nordirland", sou wéi och den offiziellen Numm vun "England" ass. De Grond firwat d'Republlik Irland och net mat mécht, läit un den oppene Grenzen tëschent den zwéi Länner(deeler) op der irescher Insel. Ech hun verbessert.--Zinneke (Diskussioun) 11:58, 26. Mäe. 2015 (UTC)[äntweren]