Walgesetz

Vu Wikipedia
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Walgesetz zu Lëtzebuerg leet d'Reegele fest, no deenen d'legislativ Walen (Chamberwalen), d'Gemengewalen an d'Europawalen organiséiert an duerchgefouert ginn.[1]

Legislativ Walen[änneren | Quelltext änneren]

Aus 4 Bezierker ginn am Ganze 60 Deputéiert gewielt.

Kandidatelëschten[änneren | Quelltext änneren]

D'Kandidatelëschte musse spéitstens 60 Deeg virun de Walen deposéiert ginn: Am Zentrum beim Bezierksgeriicht Lëtzebuerg, am Norde beim Bezierksgeriicht Dikrech, am Süde beim Friddensgeriicht zu Esch an am Osten op enger Plaz an der Gemeng Gréiwemaacher, déi vum President vum Stater Bezierksgeriicht definéiert gëtt. Beim Depot vun de Lëschte muss een entweder d'Ënnerschrëfte vun 100 Wieler (zu deenen och d'Kandidate gehéieren däerfen, wa s'am entspriechende Walbezierk ugemellt sinn), vun dräi Gemengeconseilleren oder vun engem Deputéierte, egal aus wat fir enger Partei, presentéieren. Viraussetzung ass, datt déi 100 Persounen och an deem Bezierk als Wieler ageschriwwe sinn, respektiv d'Conseilleren oder den Deputéierten an deem Bezierk gewielt goufen.

Anescht wéi d'Wieler däerfen d'Kandidaten sech hire Bezierk eraussichen. Nom Walgesetz mussen op der Lëscht den Numm, d'Virnimm, de Beruff an de Wunnuert vun all Kandidat separat opgefouert ginn. D'Kandidaten erkläre sech hirersäits duerch eng ënnerschriwwen Deklaratioun domat averstanen, datt si an deem Bezierk untrieden.

Gemengewalen[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Gemengewalen (Lëtzebuerg).

Europawalen[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Loi du 18 février 2003, version consolidée applicable au 03/07/2023. legilux.lu. Gekuckt de(n) 10.08.2023.