Pierre Biermann

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem lëtzebuergesche Professer, Schrëftsteller a Publizist Pierre Biermann. Fir den Architekt an Historiker (1842-1908), kuckt wgl. Jean-Pierre Biermann.
Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Pierre Biermann
Gebuer 8. Abrëll 1901
Gréiwemaacher
Gestuerwen 19. September 1981
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Publizist, Lycéesprofesser


De Pierre Biermann, gebuer den 8. Abrëll 1901 zu Gréiwemaacher, a gestuerwen den 19. September 1981 an der Stad Lëtzebuerg, war e Lëtzebuerger Professer, Schrëftsteller a Publizist. Hien huet och ënner follgend Pseudonyme geschriwwen: Peter Forsch, Thomas Scharff, N. Stich, Ernest Morning, Graukopf.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Professer Biermann als Zeie vun der Uklo am Buchenwald-Prozess zu Dachau, 22. Abrëll 1947

No senger Première (1920) am Stater Kolléisch huet de Pierre Biermann Philologie a Philosophie zu Lëtzebuerg op de Cours supérieurs, an an Däitschland studéiert. Duerno huet hien als Enseignant am Landerziehungsheim Haubinda an Thüringen geschafft.

No sengem Stage pédagogique am Stater Kolléisch an enger Zäitchen am Dikrecher Kolléisch huet hien duerno bis zu senger Pensioun (1961) Latäin, Philosophie a Geschicht am Stater Kolléisch enseignéiert. Am Kader vu sengem Stage hat hien eng Histoire de l'enseignement de philosophie au degré secondaire dans l'Université de France (1928; 90 S.) verfaasst.

1941, ënner dem Nazi-Regime, gouf hien op Düsseldorf versat, koum dat selwecht Joer an de Prisong zu Tréier, an duerno an d'Konzentratiounslageren zu Hinzert, Natzweiler a Buchenwald.

No der Liberatioun huet hien am Optrag vun der Regierung ee Joer zu Genf an der École internationale geschafft, dat en vue vun der Verbesserung vun der pedagogescher a moralescher Situatioun vun der krichsgeschiedegter Lëtzebuerger Jugend.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

A sengem autobiographeschen Text vun 1968 beschreift de Pierre Biermann säi Liewenswee vum antiklerikale Fräidenkertum iwwer de liberalen Humanismus, den Antifaschismus a Kommunismus, bis zu sengem parteilosen Engagement fir d'Vëlkerverstännegung an déi reliéis Toleranz.

  • 1935-1939: Geschichte des Mittelalters von Luxemburg aus gesehen. Luxembourg: Verlag der Cahiers luxembourgeois; Grevenmacher, G. Biermann-Schock, 2 Bänn.
  • 1939: So wurde der Papst. (ënner sengem Pseudonym Peter Forsch), Luxemburg: Sonderdruck der «Neuen Zeit», 38 S.
  • 1945: Streiflichter aus Hinzert, Natzweiler und Buchenwald. Luxemburg: Verlag der «Volksstimme», Bourg-Bourger, 44 S. Cote BNL: LA 2589.
  • 1968: Texte statt Memoiren. Ein Beitrag zur "Kulturgeschichte" Luxemburgs. Luxemburg: P. Biermann, 3 Bänn. (net paginéiert)
1. Band: 1930-1940: Im kleriko-faschistischen Kreuzfeuer. Luxemburg, März 1968,
2. Band: 1940-1947: Resistenz und Nationale Union. Luxemburg, Mai 1968
3. Band: 1948-1956: Im Kalten Krieg. Luxemburg, Juli 1968
  • 1978: Profangeschichte des Judentums. Ein Beitrag zur Überwindung des Rassenwahns und des Antisemitismus. Luxemburg: P. Biermann, Im Selbstverlag des Verfassers, Imprimerie Centrale, 205 S.
  • 1978 (?): Menschenrechte, wie ich sie meine. RTL untersagt nachträglich ein von RTL getätigtes Interview.

Illustratiounen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pierre Biermann – Biller, Videoen oder Audiodateien