Louis Biren (Resistenzler)

Vu Wikipedia
Louis Biren
Gebuer 17. Abrëll 1898
Gestuerwen 22. Februar 1987
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Handwierker

De Louis Biren gebuer de 17. Abrëll 1898 zu Kënzeg a gestuerwen den 22. Februar 1987 zu Stengefort war e lëtzebuergesche Resistenzler an ee vun de leschte Woner a Kéifer zu Lëtzebuerg.

Hien hat d'Kéiferhandwierk zu Épernay geléiert, an huet do eng Zäitlang fir d'Champesfabrikante Moët et Chandon geschafft. Wéi hien erëm zu Lëtzebuerg war, huet hie sech zu Kënzeg als Woner a Schräiner etabléiert. De Biren huet awer net nëmmen an deem Beräich geschafft. Hie war zu senger Zäit ee vun de grousse Liwwerante vu Keelebunnen uerchter d'Land. An d'Metzlereien huet hien d'Stäck geliwwert, op deenen d'Fleesch geha gouf. Säin Hobby war awer d'Konschtschräinerei.

Skulpturen a Wandvertäfelungen a sengem Haus zu Kënzeg an de Fuusselächer (rue de la chapelle), sinn Zeien dovun. Eng vu senge bemierkenswäerten Aarbechten ass en Intarsiendësch an deem de Roude Léiw ageluecht ass. Deen Dësch steet am groussherzogleche Palais an der Stad Lëtzebuerg.

Am Krich war de Louis Biren, dee Member an der Alweraje war, vun der däitscher Zivilverwaltung a Konzentratiounslagere verschleeft ginn. Hie war do ënner anerem zu Hinzert, Natzweiler, Dachau an zu Mauthausen.