Saulxures-sur-Moselotte

Vu Wikipedia
Saulxure-sur-Moselotte
Vue iwwer Saulxures

Vue iwwer Saulxures
Vue iwwer Saulxures
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Vosges
Arrondissement Épinal
Kanton La Bresse
Koordinaten 47° 57’ 00’’ N
      06° 46’ 11’’ O
Fläch  3.106 ha
Bevëlkerung  3.291 (1999)

Saulxures-les-Moselotte ass eng franséisch Gemeng an de Vogesen an der Regioun Grand Est.

D'Gemeng gehéiert zu den 198 Gemengen déi de Parc naturel régional des Ballons des Vosges bilden.

D'Awunner gi Saulxurons genannt.

Bis 1867 huet d'Uertschaft Saussures en Vosges geheescht.

Saulxures-sur-Moselotte läit am Dall vun der Moselotte, engem Niewefloss vun der Musel, mat ronderëm héije Koppe mat Bëscher. D'Uertschaft läit op enger Héicht vu 450 Meter (Niveau vum Séi). Déi héchst Plaz an der Gemeng ass den Haut du Roc am Norde vun der Gemeng an op der Grenz mat der Gemeng Basse-sur-le-Rupt.

Duerch den Dall ass se un Verkéier ugeschloss iwwer d'Departementale D43 déi vu Saint-Amé op Cornimont féiert.

Fir soss um kierzte Wee an déi aner Nopeschuertschaften ze komme geet et nëmmen iwwer de Bierg. Do kommen dann en ettlech Collen a Fro:

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Virum 7. Joerhonnert war den ieweschten Dall vun der Moselotte net bewunnt, an d'Weeër am Dall goufe nëmme benotzt fir d'Kléischter vu Remiremeont a Munster mateneen ze verbannen. Duerno hu sech lues a lues kleng Dierfer um Trajet installéiert.

Saulxures dat laang vun der Landwirtschaft, der Holz- a Granitexploitatioun gelieft huet, krut e groussen Opschwonk am 19. Joerhonnert duerch d'Textilindustrie déi sech do breet gemaach huet. Wéi et domat biergaf gaangen ass huet Uertschaft zu Gonschte vu La Bresse u Wichtegkeet verluer. E kënschtleche Séi op deem vill Fräizäitaktivitéiten ugebuede ginn, soll elo Saulxures touristesch méi intressant maachen.

Wopen[änneren | Quelltext änneren]

Beschreiwung vum Wopen (Originaltext):

D'or à la roue de moulin de gueules et au rameau de saule de sinople au chef d'azur à six losanges d'argent à la bande de gueules chargée de trois champignons d'argent brochant sur le tout.

Nopeschgemengen[änneren | Quelltext änneren]

Rose des vents Thiéfosse Basse-sur-le-Rupt Cornimont Rose des vents
Thiéfosse
Rupt-sur-Moselle
N Cornimont
W    Saulxures-sur-Moselotte    O
S
Ferdrupt Ramonchamp
Le Ménil
Le Ménil

Jumelagen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[Quelltext änneren]


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]