La Bresse (Vosges)

Vu Wikipedia
La Bresse

Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Vosges
Arrondissement Épinal
Kanton La Bresse
Postcode 88250
Gemengecode 88075
Koordinaten 47° 00’ 24’’ N
      06° 52’ 36’’ O
Fläch  5 794 ha
Bevëlkerung  4 198 (2016)

La Bresse ass eng franséisch Gemeng an de Vogesen an der Regioun Grand Est.

D'Gemeng gehéiert zu den 198 Gemengen déi de Parc naturel régional des Ballons des Vosges bilden.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng läit an den Däller vun der Moselotte a vum Chajoux déi vun enger ronn 20 Niewebaache gefiddert ginn, déi all hir Quellen um Gebitt vun der Gemeng hunn. Déi zwéin Däller leien tëscht dräi Biergrécker vun deenen de westlechen an den ëstlechen op de respektive Gemengegrenze leien, an op deenen och d'Colen ze fanne sinn déi an d'Nopeschdäller féieren. Dozou gehéieren de Col de Grosse Pierre fir an den Dall vum Ruisseau de Creusegoutte enger Niewebaach vum Bouchot, de Col des Faignes fir an den Dall vun der Vologne an de Col de Bramont fir an den Dall vun der Thur.

Verkéier[änneren | Quelltext änneren]

D'Haaptverkéiersachs an der Gemeng ass d'Departementsstrooss D486 déi vu Le Thillot op Gérardmer féiert. Et ass och déi eenzeg Strooss déi en Accès an d'Gemeng huet ouni iwwer e Col mussen ze fueren.

Nopeschgemengen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[Quelltext änneren]