Arrondissementer am Departement Haut-Rhin
Ausgesinn

D'Departement Haut-Rhin setzt sech zesummen aus 4 Arrondissementer mat follgenden Haaptuertschaften: Colmar, Altkirch, Mulhouse an Thann
Déi 4 Arrondissementer sinn:
- ██ Arrondissement Altkirch
- ██ Arrondissement Colmar-Ribeauvillé
- ██ Arrondissement Mulhouse
- ██ Arrondissement Thann-Guebwiller
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]- 1790 gouf d'Departement mat den Distrikter Altkirch, Belfort a Colmar gegrënnt.
- 1800 goufen d'Distrikter duerch d'Arrondissementer Altkirch, Belfort, Colmar, Delémont a Porrentruy ersat. Déi zwee lescht haten zum Departement Mont-Terrible gehéiert, dat suppriméiert gouf.
- 1814 sinn d'Arrondissementer Delémont et Porrentruy ewechgefall well d'Schwäiz déi Territoiren zeréckkrut.
- 1857 gouf d'Ënnerprefecture Altkirch op Mulhouse verluecht
- 1871 gëtt dat ganzt Departement mat Ausnam vu Belfort un Däitschland ugeschloss.
- 1919 koumen en Territoiren erëm zeréck bei Frankräich