Cohabitatioun

Vu Wikipedia

Ënner Cohabitatioun (wuertwiertlech: Zesummewunnen oder -hausen) versteet een a Frankräich, am Regime vun der V. Republik, eng Situatioun an där de President, dee keng eege politesch Majoritéit méi am Parlament huet, mat enger feindlecher Majoritéit muss weiderregéieren. De Fall huet sech bis ewell dräimol presentéiert:

Éischt Cohabitatioun[änneren | Quelltext änneren]

De Mitterrand an de Chirac 1986 zu Den Haag op engem EG-Sommet.

1986-1988: d'Gauche huet d'Wale verluer, an de sozialistesche President François Mitterrand huet de Jacques Chirac, Leader vun der gaullistescher Droite, als neie Regierungschef mussen asetzen.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Éischt Cohabitatioun.

Zweet Cohabitatioun[änneren | Quelltext änneren]

1993-1995: d'Gauche huet d'Wale schonn nees verluer, an de Mitterrand huet dës Kéier den Neo-Gaullist Édouard Balladur als neie Premierminister un d'Spëtz vun der Regierung beruff.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Zweet Cohabitatioun.

Drëtt Cohabitatioun[änneren | Quelltext änneren]

1997-2002: d'Droite huet, no enger iwwerstierzter Opléisung vun der Assemblée nationale duerch de President Jacques Chirac, hir confortabel Majoritéit verluer, an de Chef vun der deemoleger Gauche, de Sozialist Lionel Jospin, ass vum Chirac als neie Regierungschef ernannt ginn.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Drëtt Cohabitatioun.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Alain Duhamel, Une histoire personnelle de la Ve République; Paräis (Plon), 2014.
  • Édouard Balladur & Alain Duhamel, Grandeur, déclin et destin de la Ve République - Un dialogue; Paräis (Éditions de l'Observatoire), 2017.