Diskussioun:Valéry Giscard d'Estaing

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

An der Intro steet: "De Valéry Marie René Giscard d'Estaing ... a Frankräich dacks just Giscard oder VGE genannt ...". Ech kann néierens fannen, datt de Mann dacks just Giscard genannt gëtt. Och net an der franséischer Wikipedia." Duerfir hunn ech dat eraus geholl mat der Begrënnung "keng Source fir "Giscard" fonnt". Direkt drop huet de Les Meloures dat erëm eragesat mat der Begrënnung "vläicht schlecht gesicht", ouni awer eng Quell dofir dobäi ze maachen. Ech empfannen dat als eng weider Provokatioun vum Les Meloures, an huelen et erëm eraus, well et einfach net stëmmt. --Bdx (Diskussioun) 15:20, 12. Mee 2015 (UTC)[äntweren]

Wann ech soen just vläicht schlecht gesicht gëtt dat als eng Provokatioun ugesinn, nëmme just well den Här anscheinend näischt fonnt huet. Dat ass déi selwecht Attitude wéi bei sengen aneren Artikelen wou en net wousst wéi eppes géif heeschen oder wat et kéint sinn. Wann e méi genee am Google gekuckt hätt dann hätt en eppes fonnt an en hätt déi onnëtz Aktioun net bräichten ze maachen, an déi Diskussioun hei wier och iwwerflësseg.
Mat engem Klick an 2 Sekonnen souguer an der geschriwwener Press: http://www.lepoint.fr/politique/chirac-mitterrand-et-giscard-ont-ete-de-bons-presidents-estiment-les-francais-10-05-2015-1927439_20.php
--Les Meloures (Diskussioun) 15:33, 12. Mee 2015 (UTC)[äntweren]
Ier hei nes d'Fatze fléien; e gouf a gëtt sécher méi dacks "Giscard" (ouni den "d'Estaing") genannt, wéi "VGE" (wat e bësse vill no Science-po-Politologe-Slang kléngt).--Zinneke (Diskussioun) 15:44, 12. Mee 2015 (UTC)[äntweren]
Natierlech war dat eng weider Provokatioun vun dir, soss häss du net eppes ouni Quellenugab direkt erëm dra gesat, oder wéinstens selwer eng Quell dobäi gemaach. Mee wann ee Pleséier dra fënnt, déi aner Leit ze schikanéieren a Schäissen ze doen, da mécht een dat natierlech net. An ech hunn gesicht, well ech fir de Benotzer Zinneke Respekt hunn an ech dovunner ausginn, datt hien net iergendeppes dohinner schreift. Mee ech hu keng Quelle fonnt, wou nëmme just Giscard stoung, et gouf entweder ëmmer nëmmen de vollen Numm oder de volle Familljennumm ernimmt. OK, komm mir loossen d'Fatzen sinn, elo ass jo eng "Quell" fonnt ginn. Alternativ kann een och déi zwee aner Appelatiounen ewech loossen. --Bdx (Diskussioun) 15:49, 12. Mee 2015 (UTC)[äntweren]
Moien, ech hu grad keng Zäit no Quellen ze sichen, mee ka mech gutt un d'Zäit erënneren, wou de G. President war, resp. wollt ginn. Do war bal nëmme vu "Giscard" rieds.--Zinneke (Diskussioun) 09:01, 15. Jun. 2018 (UTC)[äntweren]

De Giscard, wéi familiär gesot gëtt (schliesslech ass den Numm "d'Estaing" vu sengem Papp a vu sengem Monni géint vill Geld "relevéiert" ginn, wéi dat am Gesetz virgesinn ass, fir grouss Nimm net ganz aus der Mémoire collective ze verléieren), heescht mam Virnumm Valery ouni Accent aigu. Et ass ee fréquente Feeler, och an de franséische Medien (wéi och Clémenceau fir Clemenceau), mee et ass awer sou: keen Accent aigu. - C.

Moien, dat missts de am beschten der Académie française matdeelen; déi freeë sech ëmmer, ze héieren, dass se net richteg schreiwe kënnen, an dass hir Memberen hir eege Bicher mat Schreiffeeler um Deckel publizéieren. --Zinneke (Diskussioun) 09:01, 15. Jun. 2018 (UTC)[äntweren]
Flott Diskussioun, wéi ëmmer! Frot de Valery Larbaud oder googelt "Valery ou Valéry?". An da loosst de Feeler stoen.
Wann de Giscard sech selwer Valéry nennt, da misst dat jo bal stëmmen. Oder soll dee grousse Staatsmann sou domm gewiescht sinn, datt hie säin eegenen Numm net wousst.
Et ass ee fréquente Feeler, och an de franséische Medien (wéi och Clémenceau fir Clemenceau), mee et ass awer sou: keen Accent aigu. - C.
Dann hunn d'Wikipediaen an alle Sprooche jo mat Chance geschafft, well do steet e richteg. Wat déi franséisch Medien ugeet do kënne mer gäre bei onse franséische Kollegen intervenéieren datt se de franséische Presserot mol op deen Unfug opmierksam maachen. Als Lëtzebuerger hu mer do net vill Impakt. Ech bréngen dat mol bei der nächster Commitésversammlung zur Sprooch. An der Tëschenzäit bekëmmere mir ons ëm onsen Dreck a verbesseren d'Feeler op der lb: Wiki. --Les Meloures (Diskussioun) 11:48, 15. Jun. 2018 (UTC)[äntweren]


vill Geld[Quelltext änneren]

géint vill Geld wat soll dat aussoen? Wéivill soll dat da gewiescht sinn? A fir wee war et vill Geld?

Wann dat am Gesetz vigesi war, da waren déi Taxen déi hu misse bezuelt ginn, warscheinlech fir jiddwereen dee säin Numm changéiert huet déi selwecht an dann ass et genee bekannt wat dat kascht huet.
Wa si dat gemaaach hunn, da war fir si jo sécher net zevill. Am Ament sinn dat 110 Euro. Ass dat vill? Jean-Jacques --109.132.87.249 10:06, 15. Jun. 2018 (UTC)[äntweren]
Flott Reaktioun! Lo kann et sinn, datt ech am Fall vun deem, wat bezuelt ginn ass, net richteg informéiert gouf. Sécher awer ass, datt déi biergerlech Famill Giscard sech onbedéngt een adelegen Numm wollt un den eegenen hänken ( se hate bal den Numm "de La Tour Fondue" erwëscht, mee do ass Oppositioun gemaach ginn), datt d'Prozedur iwwer de Conseil d'État gaangen as, wou de Monni René Member war, an datt d'Ofstëmmung mat enger eenzeger Stëmm Majoritéit (dem René seng) d'Saach erméiglecht huet. Fir méi ze wëssen: Pol Bruno, La saga des Giscard; Paräis (Ramsay), 1980 -> 7 Säite Bibliographie!
datt ech am Fall vun deem, wat bezuelt ginn ass, net richteg informéiert gouf?
Vu wéivill Suen goung dann an där Informatioun Rieds? --91.177.160.36 15:09, 15. Jun. 2018 (UTC)[äntweren]

Wéi laang sollen déi Fiederfoxereien vun enger IP déi e Problem mat engem Virnumm huet, goen, e Virnumm dee fir déi Persoun op der ganzer Welt sou geschriwwe gëtt. Lauter onnëtzt Geschreifs well dee léiert dat ni. Eemol Tockskapp ëmmer Tockskapp. --Pierrenilles (Diskussioun) 15:29, 15. Jun. 2018 (UTC)[äntweren]

Parti républicain[Quelltext änneren]

Enn vun den 1960er Joren huet seng Partei, de Parti républicain, sech gespléckt.

Wateree Parti républicain soll dat da gewiescht sinn. Ech hu mol doruechter gekuckt wateree Link eventuell géif passen, hunn awer näischt Passabeles fonnt. Vun all de republikanesche Parteien déi d'Fransousen op der Wiki hunn schéngt kee mer op déi Period ze passen. --Les Meloures (Diskussioun) 19:55, 17. Jun. 2018 (UTC)[äntweren]