Diskussioun:Charles de Gaulle

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Nach just eng Plaz an der Feldpost.

Dat kënnt eriwwer wéi wann e Bréifdréier an der Feldpost gewiescht wier. Wa mer net wësse wat de Mann an der Feldpost gemaach huet, wier et besser enzyklopedesch ze bleiwen a sou Nuancen op der Säit ze loossen. --217.136.88.14 18:25, 7. Nov. 2018 (UTC)[äntweren]

Kee Problem! Vu que d' En-Cours-Warnung souwisou keen dovunn ofhält, fir iwwerstiirzt an den Text-in-Progress fummelen ze goen, iwwerloossen ech Iech d'Iwwerschaffe vun deem, wat schonn do steet, plus d'Redaktioun vun den Abschnitter, déi nach ze behandele sinn. Vill Spaass! Mat léiwe Gréiss, C.
Du bass wierklech nëmme just e Leitsgeheier. Hues de déi Schabloun gelies an den Zweck dervu verstanen??? Wéi et schengt net. Soss géifs de net sou domm sabbele kommen (mä et ass je net fir d'éischt). Awer dat ass jo anscheinend nëmme fir laanscht eng Äntwert ze kommen wells de an deem Fall eng lapidar Behaaptung gemaach hues. A wanns d'et net solls bemierkt hunn: D'Wikipedia huet iwwer 55.000 Artikelen a mer brauchen net op een ze waarden deen hallef Wouerechten un de Mann wëll bréngen. --80.200.164.71 08:22, 12. Nov. 2018 (UTC)[äntweren]
PS: Du hues nach an en etlechen Artikelen déi Schabloun dragesat ouni datt dru geschafft gouf. A verschiddene schonn iwwer 3 Méint. Maach deng Saachen uerdentlech da kriss de net vill Zäit fir iwwer aner Leit hei meckeren ze kommen. --80.200.164.71 16:01, 12. Nov. 2018 (UTC)[äntweren]


Plazen a Mentiounen[Quelltext änneren]

Op der Säit vun der Promotioun vum de Gaulle op der école supérieure steet: Tous les stagiaires sortent brevetés. Il n'y a pas de classement officiel et aucune mention n'est attribuée. Wou komme mir un déi Informatiounen vun sou Klassementer? --109.129.203.23 09:48, 4. Dez. 2018 (UTC)[äntweren]

Ni eppes vun engem << offiziéise >> Classement héieren? Déi bescht Elementer kënnen da wielen, ob se an d'Cavalerie, an d'Artillerie, an d'Infanterie oder a soss eng Waffegattung (Train, Transmissiounen, asw.) ginn. Dat ass Traditioun. Leitsgeheier

Wann déi offiziéis Informatioun vun der selwechter Quell kënnt wéi Nach just eng Plaz an der Feldpost, dann ass se éischtens kee Su wäert an zweetens gëtt an Enzyklopedien net mat offiziéise Behaaptunge jongléiert. --109.129.203.23 19:33, 8. Dez. 2018 (UTC)[äntweren]

Wouah, dat ass mol ee gudde Beitrag zur "Diskussioun"! Ech awer hale mech u follgende Prinzip: << Ne discutez jamais avec un imbécile, les gens pourraient ne pas voir la différence. >> - C.


Domat wësse mer nach ëmmer net wat mat Nach just eng Plaz an der Feldpost gemengt ass. War e Bréifdréier an der Feldpost oder huet en d'Bréif gesënnert oder eppes an deem Sënn? --81.245.112.4 08:43, 13. Feb. 2020 (UTC)[äntweren]


déi haten net vill fir déi laizistesch Republik iwwreg, hunn allerdéngs bezweifelt, datt de Capitaine Alfred Dreyfus wierklech schëlleg wier, ...
Wat huet Laizismus mam Dreyfuss ze dinn. --87.65.83.203 13:06, 25. Aug. 2020 (UTC)[äntweren]

Huelen un, datt dat eng Fro ass (ouni Froenzeechen allerdéngs). Mee, léiwen 87.65.83.203, d'Géigner vum republikanesche Regimm, dee laizistesch war, waren deemols éischter méi oder wéinger monarchistesch Katholiken, revanchistesch vis-à-vis vun Däitschland (vgl. Krich vun 1870) an dofir grouss Unhänger vun der Arméi. D'Arméi huet deemno net dierfen a Fro gestallt ginn. Wéi dës awer den aarme (jiddische) Capitaine Dreyfus - zu Onrecht! - verurteelt huet, waren d'Antirepublikaner an der Reegel géint den Dreyfus ("antidreyfusards"). Grad dat waren dem Ch. de Gaulle seng Elteren awer net. D'Léift zu engem staarke Frankräich, wa méiglech am Kader vun enger Monarchie, huet se ni sou blann gemaach, datt se eng Ongerechtegkeet higeholl hätten. Souvill zur Allgemengbildung... - C.

Merci fir d'Explikatioun mä dat ass keng Äntwert op d'Fro wat de Laizismus oder den net Laizismus mam Dreyfuss ze dinn huet. Fir korrekt Meenungen ze hunn, brauch een net laizistesch, oder reliéis ze sinn oder iergend eng aner Astellung ze hunn. Et geet duer datt een e gesonde Mënscheverstand huet. --87.65.83.203 09:36, 2. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]
Firwat gëtt durch nodréiglech Verbesserungen d'Diskussioun vefälscht? --87.65.83.203 09:51, 6. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]

OK, Dir hutt Recht: eng Äntwert sollt net nodréiglech ergänzt ginn. Sorry! Ech wollt awer déi ganz Iwwerleeungen net frësch schreiwen. Dat gesot, hei kann awer déi ganz Problematik vun de schwieregen Ufänk vun der 3. franséischer Republik, tëscht der Nidderlag vun 1870 an dem Gesetz iwwer déi sougenannt Séparation de l'Église et de l'État, net och nach nei opgerullt ginn. Dat si Saachen, déi een (hoffentlech) an der Schoul geléiert huet an déi - leider! - all gudden Dag an de Medien thematiséiert ginn (allerdéngs am Kontext vum schleichenden Islamismus a Frankräich a soss enzwousch). Iwregens: Dreyfus kritt nëmmen een (1) S! - Bescht Gréiss, C.

Ok fir den Dreyfus, an iwwregens kritt zwéin (2) (w) --87.65.83.203 20:46, 6. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]

Mag sinn, och wann ech net versti virwat den däitsche 'b' bei äis ee 'ww' ergëtt, mee vu que Lëtzebuerg sech eng Hallefdozen Instituter, Réit, Zentren, Commissiounen asw. fir eis Sprooch leescht, an all sechs (6) Méint d'Orthograph* dovu reforméiert, schéngt dat net sou wichteg ze sinn. Eng rezent Ëmfro huet iw(w)regens gewisen, datt ~60 % vun eise Matbierger déi soi-disant offiziell Schreifweis net respektéieren. Ech sinn zwar der Meenung, datt Regele solle bestoen a respektéiert ginn, mee se musse koherent a raisonnabel sinn, wat absolut net de Fall ass. Virwat "Kolleegen"", wann déi Däitsch de geschwatene laangen 'e' net verduebelen? Virwat "meng Mamm mengt..." an net "méng Mamm mengt..."? Firwat net "Diddeléng", wann dat esou ausgeschwat gëtt? Firwat déi onméiglech Pluralformen, wéi Bilanen, Projeten, Choixen, Bienen, asw., amplaz Bilan'en, Projet'en, Choix'en, Bien'en..., wou een duerch den Apostroph direkt geséisch, datt et sech ëm ee franséischt Wuert handelt, wou mir ee lëtzebuergesche Pluriel drunnhänken. Sou wéi et lo ass, muss een de Saz 2-3 mol liesen ier een op e gréngen Zweig kënnt. Je, et kann een de Kapp nach laang rëselen... an eisem Marienländchen, pardon, Nationalstaat! - C. * "Orthographie" huet eppes mam Festungsbau ze dinn.